Radioen

On air

Notturno  |  Alex Izenberg - Drinking The Dusk Away

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Op d‘Risike vun exzessivem Alkoholkonsum opmierksam ze maachen

Nei Sensibiliséierungs-Campagne

Op d‘Risike vun exzessivem Alkoholkonsum opmierksam ze maachen

De Gesondheetsministère lancéiert eng Sensibiliséierungs-Campagne fir op d‘Risike vun exzessivem Alkoholkonsum iwwer d‘Feierdeeg opmierksam ze maachen, a fir e moderaten Alkohol-Konsum ze encouragéieren.

auto_stories

1 min

© Unsplash /  Kelsey Chance
Foto: Unsplash / Kelsey Chance

Lëtzebuerg wier Eurostat no eent vun europäesche Länner, wou vill Alkohol gedronk gëtt. 2019 wier Lëtzebuerg op der drëtter Positioun vun de Länner mat exzessivem Alkohol Konsum gewiescht. Iwwer 34 Prozent vun den Awunner hätten deemools zouginn, datt si op d‘mannst eemol de Mount exzessiv vill Alkohol drénken.

D‘Santé mécht an engem Communiuqé siwe praktesch Recommandatioune fir ee moderaten Alkoholkonsum. Dorënner, datt een net méi wéi zwee Glieser soll drénken, eng Limitt soll ee sech scho virun engem Owend, wou ee feiert, setzen, an et soll een, wann een Alkohol drénkt, dertëscht och ëmmer nees net alkoholesch Gedrénks consomméieren.