Deenen neie Reegelen no misste Planzenziichtungen, déi duerch bestëmmte Methode mat der sou genannter Gen-Schéier verännert goufen, net méi extra geneemegt ginn, well si net vu konventionellen Zorten ze ënnerscheede sinn.
D'Sozialisten, déi Gréng an déi Lénk am Parlament sinn der Meenung, datt datt net esou ass, a werfen der Kommissioun vir, si géifen d’Recht vun de Konsumenten, déi op Gentechnik verzichte wëllen net respektéieren.
Greenpeace ass iwwerdeems der Meenung, datt déi nei Reegele géint d’EU-Traitéë verstousse, ënner anerem well keng Mesure virgesi sinn, fir eng Kontaminatioun vun anere Planzen duerch déi nei Zorten ze verhënneren.
Déi nei Lëtzebuerger Regierung hat sech vru Kuerzem éischter positiv par rapport zu enger Labberung vun de Reegele geäussert.