Radioen

On air

Notturno  |  Jesca Hoop - Memories Are Now

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Nei EU-Reegelen fir Plattform-Aarbechter gestoppt

EU-DIREKTIV FIR „PLATFORM-WORKERS“

Nei EU-Reegelen fir Plattform-Aarbechter gestoppt

Ee virleefegen Accord tëscht Memberlänner an Europaparlament krut net déi néideg Majoritéit bei den EU-Ambassadeuren. Elo muss viru verhandelt ginn.

auto_stories

2 min

Lëtzebuerg hat eisen Informatiounen no de Freideg, 22. Dezember, fir den Accord gestëmmt. Um Enn huet wuel Frankräich mat sengem Neen den Ausschlag ginn, datt net genuch Stëmmen zesumme koumen. Paräis hat Bedenken, datt déi nei Reegelen ze wäit ginn an ze vill vun deenen sou genannte Plattform-Aarbechter hire Statut als indépendant verléiere géifen.

EU-Kommissioun: Ronn 5 Millioune Leit falsch agestuuft

Der europäescher Kommissioun no gëtt et an der EU ronn 28 Millioune Leit, déi am Déngscht vu Plattforme wéi Uber, Deliveroo, Wedely & Co stinn.

Eng Partie vun hinnen huet net déi nämmlecht Rechter wéi Salariéen, wëll se fälschlecherweis als “indépendant” aklasséiert ginn, sot am Dezember vrun zwee Joer den EU-Kommissär fir d’Aarbecht a Soziales, de Nicolas Schmit, wéi hien eng entspriechend EU-Direktiv presentéiert huet.

“Mir ginn dovun aus, datt ongeféiert 4,5 - 5 Millioune Leit kéinte concernéiert sinn. Vun hinnen ass ee groussen Deel klasséiert als indépendant.“

Den Nicolas Schmit hat Mëtt Dezember dee virleefegen Accord tëscht den EU-Länner an dem Europaparlament begréisst.

Deemno géife Plattform-Aarbechter, déi zwee vu fënnef Critèren erfëllen, als Salarié agestuuft. Dobäi geet et ënner anerem em d’Héicht vun der Remuneratioun, em d’Supervisioun vun de Performancen, d’Kontroll iwwert d’Aarbechtskonditiounen a -Stonne genee ewéi d'Reegelen, wéi ee sech undoen oder behuele muss.

Déi italieenesch Sozialistin Elisabetta Gualmini, déi am Numm vum Parlament mat verhandelt hat, huet vun engem historeschen Accord geschwat.

“Dat ass een historeschen Accord, well mer fir d‘éischte Kéier sozial Rechter definéiere fir Millioune vun de prekäersten Aarbechter an Europa.”

Lëtzebuerg wollt op EU-Direktiv waarden

Zu Lëtzebuerg hat déi viregt Regierung am Summer hir Pläng fale gelooss, fir een nationaalt Gesetz ze presentéieren. Et wielt een d’EU -Direktiv ofwaarden hat deemools den Aarbechtsminister Georges Engel dem 100Komma7 gesot.

Wéini et elo zu enger europawäiter Reegelung kënnt ass nom Vott vun ee Freideg ongewëss.

Déi nei Regierung huet an hirem Koalitiounsvertrag annoncéiert, sech fir een ambitiéist EU-Gesetz anzesetzen. Doriwwer, wéini een nationaalt Gesetz kënnt, steet näischt an deem Accord.