D‘Hamas huet deen Uerder de Moie rejetéiert: dat palestinensescht Vollek géif net flüchten, esou hire Message. Déi radikal-islamistesch Organisatioun huet de Moien da gemellt, datt 13 Geisele bei israeeleschen Attacken ëm d‘Liewe komm wieren, dorënner och Auslänner. D‘Hamas hat bei hiren Attacken an Israel de leschte Weekend méi wéi 150 Mënschen an d‘Gazasträif verschleeft. Beim bluddege Konflikt sinn op israeelescher Säit bis elo eng 1.200 Leit gestuerwen, op palestinensescher Säit sinn et 1.400 Affer.
Als Zeeche vu Solidaritéit mat Israel reesen haut d‘EU Kommissiounspresidentin Ursula vun der Leyen an d'EU Parlamentspresidentin Roberta Metsola op Tel Aviv.
Souwuel am Irak wéi am Iran sinn haut dausende Mënschen op d‘Strooss gaange fir d‘Palestinenser z‘ennerstëtzen. Den iraneschen Ausseminister huet iwwerdeems d‘USA dozou opgefuerdert, Israel an de Grëff ze kréien, fir e Krich an der Regioun ze verhënneren. Den Iran géif d‘Sécherheet vum Libanon schützen. Israel hat jo dës Woch och Ziler am Libanon bombardéiert.
D‘Weltgesondheetsorganisatioun weist iwwerdeems drop hin, datt de Gesondheetssystem an der Gazasträif virum Zesummebroch steet: et bléif wéineg Zäit, fir eng humanitär Katastroph ze verhënneren, esou hiren Appell. Den Territoire ass komplett blockéiert, et kënnt kee Pëtrol eran, an och keng medezinesch oder humanitär Gidder.