Radioen

On air

Concert  |  Vun heroeschen Téin, polneschen Aflëss an impressionistesche Klangfaarwen

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Nationale Fraerot wërft der Chambre des Métiers sexistesch Publicitéit vir

CNFL

Nationale Fraerot wërft der Chambre des Métiers sexistesch Publicitéit vir

Den Nationale Fraerot kritiséiert d‘Chambre des Métiers wéinst enger sexistescher Publicitéit, wou fir d‘Formatioun fir d‘Meeschterprüfung Reklamm gemaach gëtt.

auto_stories

2 min

Dorop si 5 Persounen ze gesinn, déi rout Kostümer unhunn a jiddereng huet en Handwierksgeschier am Grapp, dat e spezifesche Beruff soll duerstellen. Déi zwou Fraen hunn e Fön an e Schnéibiesem an der Hand. D‘Männer hunn en Hummer, eng Zaang an eng Tablett an der Hand.

Fir den Nationale Fraerot sinn dat sexistesch Stereotyppen, déi net toleréiert dierfte ginn. 

Den CNFL fuerdert och, datt iwwer Sanktioune fir sexistesch Publicitéiten nogeduecht gëtt. 

D'Chambre des métiers reagéiert

D’Chambre des Métiers huet dann och per Communiqué op dës Kritik reagéiert. Doranner ass ze liesen, datt d’Beruffer am Vierdergrond solle stoen, an net d’Persounen, déi se representéieren. Aus deem Grond hätten d’Persounen op der Foto och uniform rout Kleeder mat Kaputzen un. 

D’Chambre des Métiers erkläert iwwerdeems, datt si sech zënter Laangem scho fir e positiven Image an Inclusioun am Handwierk géing asetzen, an och eng méi grouss Diversitéit an deem Secteur géing fërderen.

Bei der Reklamm vun der Chambre des Métiers fir Formation-continuë gesäit een iwwerdeems zwee Männer mat Fön a Kichenutensil, esou wéi zwou Fraen als Ingenieurin, respektiv als Autosmechanikerin.