Radioen

On air

Concert  |  

play_arrow Live
search

/ Nationale Fraerot begréisst der Regierung hir Prioritéiten a Saachen Egalitéit

CNFL

Nationale Fraerot begréisst der Regierung hir Prioritéiten a Saachen Egalitéit

Den nationale Fraerot reagéiert op d’Prioritéite vun der neier Regierung a Saachen Egalitéit tëschent de Genren. Den CNFL begréisst, datt d’Regierung den nationalen Aktiounsplang fir d’Egalitéit tëschent Fraen a Männer wëllt aktualiséieren.

auto_stories

1 min

D’Evolutioun vum Ministère fir Gläichstellung an Diversitéit wier ee Schrëtt fir d’Inklusioun vun alle Persounen, onofhängeg vun hirem Genre.

Dem nationale Fraerot no brauch den zoustännege Ministère duerch dës Erweiderung vun de ministerielle Kompetenzen awer och méi Ressourcen.

Weider begréisst den CNFL, datt eng Partie vu senge Fuerderungen op der Agenda vun der Regierung stinn. Dorënner d‘Fuerderung vun enger globaler Strategie am Kampf géint all Form vu gender-spezifescher Gewalt a Servicer fir Affer.