Et misst ee fir d’éischt ofwaarden, datt déi national Antidoppingagence ALAD, géif zur nationaler Agence fir d’Integritéit am Sport (ALIS) ginn. Den Ament géif een nach op en Arrêté Grand-ducal waarde fir d’Statute vun der Agence ze änneren.
Et géif een och un enger Charte ethique schaffen, déi all d’Sportfederatioune sollen ënnerschreiwen, esou d’Martine Hansen weider. An Zukunft sollen da Subsiden déi u Veräiner ausbezuelt ginn och un Integritéitsstandarden gekoppelt ginn.