An de leschte Joren huet d’HORESCA, de Brancheverband vun den Hoteller, Restauranten a Caféen, ëmmer nees gewarnt, wéi schwéier et fir d’Betriber ass, ze iwwerliewen. D’Gewënnmargë ginn erof, d’Käschte ginn erop, an et gëtt ëmmer méi schwéier fir qualifizéiert Personal ze fannen.
Den Däiwel läit am Detail
Dobäi gouf et tëschent 2020 an 2025 e Plus vun 9,6 Prozent bei de Salariéen, erkläert den Direkter vun der HORESCA, de Steve Martellini. Och d’Iwwernuechtungen an den Hoteller ass eropgaangen a louch rezent bei 3,6 Milliounen am Joer 2025. Mee:
“Wann d’Restaurante voll sinn an et vill Iwwernuechtungen an den Hoteller ginn, dann heescht dat net ëmmer, datt et ënner dem Stréch och opgeet.”
Allgemeng géing et am Secteur vun den Hoteller nach am beschte goen.
Hausse beim Bensinnspräis huet sech bemierkbar gemaach
De Krich am Noen Osten huet och am Secteur vun den Hoteller a Restauranten eng gewëss Angscht ausgeléist. D’Präishausse bei der Energie kréien d’Betriber direkt ze spieren, seet de Steve Martellini. Allgemeng géing ee bei de Fraisen, déi ëmmer klammen, net wëssen, wou et higeet.
“Et huet een d’Gefill, all Woch kënnt eng aner Kris dobäi.”
Datt déi lescht zwou Wochen de Präis vum Bensinn enorm an d’Luucht gaangen ass, hätt een direkt an de Restaurante gemierkt, betount den Direkter vun der Horesca. Déi Weekender wier däitlech manner lass gewiescht an de Restauranten.
De Wirtschaftsminister Lex Delles huet gëschter um Mëttwoch am 100,7-Interview nach betount, d’Regierung wéilt de Stéit a Betriber en vue vun den héije Präisser aktuell net finanziell ënner d’Äerm gräifen. De Steve Martellini gesäit dat fir den Ament och esou.
Qualifizéierte Mindestloun ofschafen? "D'Leit mussen nach liewe kënnen"
Zënter Jore gëtt et e Personalmangel am Secteur. Dat betrëfft awer virun allem dat qualifizéiert Personal, wéi de Steve Martellini betount. D’Betriber géingen dohier och manner Leit astellen, well se eebe keng fannen, an och well d’Fraisen explodéiert sinn.
60 Prozent vum Personal am Secteur sinn onqualifizéiert. Et wier een och ee vun den eenzege Secteuren am Land, déi a leschter Zäit nach vill onqualifizéiert Personal agestallt huet, seet de Steve Martellini.
Iwwerdeems léich et net un him d’Fuerderung vun der Handwierkerfederatioun, fir de qualifizéierte Mindestloun ofzeschafen, ze kommentéieren.
“Et muss ee sech awer d’Fro stellen: Firwat kann ech mat engem qualifizéierte Mindestloun net méi adäquat zu Lëtzebuerg liewen.”
Et wier eng grouss Laascht fir d’Betriber, wann de Mindestloun eropgesat gëtt, well sech dat och op de Rescht vun der Salairesstruktur am Betrib auswierkt. D’Horesca schwätzt och vun engem "verstoppten Index". D’Leit missten awer trotzdeem nach iwwerliewe kënnen.
Suergekand Café: Gëtt den Accès an de Secteur blockéiert?
D’Suergekand vum Secteur bleiwen d’Caféen. D’Gewunnechte vun de Leit hätte sech einfach verännert, stellt de Steve Martellini fest. Op Gedrénks wier och net méi vill ze verdéngen. Dofir bidde vill Caféë mëttlerweil och Iessen un.
D’Brauereie spillen do och eng wichteg Roll. Si verkafen de Caféen net just de Béier, mee och d’Lizenzen. De Fonctionnement vun deene Lizenzen huet d’Horesca schonn am Februar an engem Bréif un de Gilles Roth kritiséiert.
Aktuell besteet ëmmer nach eng Limitt aus de 50er Joren, déi beseet, datt een an enger Gemeng eng Lizenz pro 500 Awunner:innen zegutt huet. Hëlt een awer beispillsweis e Foodtruck, esou misst deen u sech an all Gemeng, wou e steet, eng separat Lizenz hunn.
Dofir sollen d’Lizenzen net um Niveau vun der Gemeng, mee um nationalen Niveau verdeelt ginn, fuerdert d’Horesca.
Ausserdeem wier et schwéier u Lizenzen ze kommen, well ee sech un d’Brauereie muss riichten, bei deenen een dann un aner Konditioune gebonnen ass. Et wier eng Blockad fir an de Secteur ze kommen, esou de Steve Martellini, an dat sollt der EU no u sech net esou sinn.
De Minister hätt iwwerdeem versprach, sech dat Ganzt eng Kéier unzekucken.