Radioen

On air

9 bis 1  |  Klassik Live

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Naass a fiicht: De Mee brécht bal e Rekord

Bilan vu MeteoLux

Naass a fiicht: De Mee brécht bal e Rekord

De Mount Mee war liicht ze waarm a vill ze naass. Dat geet aus dem neiste Bilan vu MeteoLux ervir. Net vill hätt gefeelt an et wier den naasste Mee zanter 1947 ginn.

auto_stories

1 min

headphones

1 min

Reen | © Bigstock play_arrow
Foto: Bigstock

An der Referenzperiod 1991 bis 2020 huet et am Mee an der Moyenne ëm déi 71 Liter op de Meterkaree gereent. Mee leschte Mount waren et der bal 177. En immens markanten Iwwerschoss, esou de Luca Mathias vu MeteoLux.

Vue datt d’Sonn net vill geschéngt huet – 151 Stonne par rapport zu 226 an der Referenzperiod – ass d’Fiichtegkeet och relativ héich. Et ass den zweetnaasste Mee zanter 1947, esou nach de Luca Mathias.

"Fir déi nächst Zäit gesäit et elo a Punkto Reen e bësse méi roueg aus. A Punkto Temperature wäerte mir sou Dagesmaximum ëm déi 20 Grad pendelen. Mee lo e stabilt Héichdrockgebitt iwwert eiser Regioun, dat ass lo fir de Moment nach net esou richteg a Vue. Dee schéngt awer lo mol fir déi nächst zwou Wochen awer relativ variabel ze bleiwen."

Lauschterenplay_arrow

Nieft dem Bilan vum Mount Mee huet MeteoLux och de Bilan vum Fréijoer gezunn. Et war dat Joer mam zweetmannste Sonneschäin an engem Fréijoer zanter den Opzeechnungen um Findel 1947.