D'Importpräisser op der grénger Kaffisboun sinn an de leschte Méint ëm 40 bis 80 Prozent an d'Luucht gaangen. Dës immens Hausse wäert een och an der Restauratioun spieren, esou den Horesca-President Alain Rix.
"Ech soen elo einfach, et gëtt net méi eng Fläsch Wäi geholl, et gëtt e Glas geholl. Oder et gëtt kee Kaffi méi geholl, dee gëtt vläicht um Büro gedronk. Dat sinn alles Saachen, déi eis herno awer bedrécken, déi erëm eng Kéier net méi an der Keess sinn."
EU-Regulatioun setzt de Baueren zou
Nieft dem Klimawandel an de méi héijen Transportkäschte géif an Zukunft och eng geplangt europäesch Deforestatiouns-Regulatioun d'Kaffispräisser an d'Luucht drécken, esou den Théodore Biewer vun der Luxembourg Confederation.
Och de Jean-Louis Zeien vu Fairtrade ënnersträicht, datt dës Legislatioun, déi Deel vum European Green Deal ass, de Kaffisbauere géif zousetzen. Déi mussen hir Produite bis zur Source kënnen noweisen, fir en Règle ze sinn, esou den Jean-Louis Zeien. Zum Beispill, datt se net op engem Buedem gewuess sinn, dee fir deen Zweck ofgeholzt gouf. Dofir wiere Geolokalisatiounen néideg, wat mat immense Käschte verbonnen ass.
Doriwwer eraus géif d'Demande an de Kaffiskonsum generell zanter Jore klammen.
Hausse vun de Präisser kënnt net bei de Baueren un
Ee weidere Problem, deen et an deem Kontext géif ginn, wier datt d'Kaffispräisser op der Bourse spekuléiert ginn, esou de President vu Fairtrade. Kaffi wier niewent dem Pëtrol net nëmmen den zweet meescht gehandelte Produit um Weltmarché, mee och den zweet meescht spekuléierten. A wann d'Demande méi grouss ass wéi d'Offer, géif Panik entstoen, erkläert de Jean-Louis Zeien.
D'Haussë vun de Präisser géifen dacks guer net bei de Kaffisbaueren ukommen, esou de Jean-Louis Zeien. Dat, well déi zu dem Zäitpunkt, wou d'Präisser duerch Spekulatioun an d'Luucht schéissen, hir Stocke scho laang verkaaft hunn.
Eng Baisse vun de Kaffispräisser ass an nächster Zäit net en Vue. Experte schätzen, datt déi beléiftste Kaffisboun Arabica bis 2050 duerch de Klimawandel praktesch net méi a Brasilien ugebaut ka ginn. Brasilie gëllt als de gréisste Kaffisexportateur weltwäit.