Et sinn Zuele bei deenen et engem kal de Réck erofleeft. Am Ganze sollen iwwer 8.000 Persoune vun den Delaie betraff gewiescht sinn, heescht et vum brittesche Gesondheetsservice NHS. D’Zuel vun den Doudegen an Zesummenhang mat dëse Retarde wier fënnef Mol méi héich ausgefall ewéi nach 2019.
Grond fir dës Chifferen
Et berifft een sech virun allem op d’laang Waardelëschte fir ee Spezialist kënnen ze gesinn. De Guardian zitéiert allerdéngs och eng Associatioun vun de Patienten, déi ofgesoten Operatiounen als weidere Grond nennen. D’Regierung hätt hiren Aussoen no refuséiert, fir en Noutplang auszeschaffen, deen déi Millioune vun Euro u Käschten duerch Streike vum medezinesche Personal decke géif.
D’Konditiounen am Secteur
Souwuel d’Infirmierspersonal ewéi och Ambulancieren an Interner hunn am vergaangene Joer e puer Mol gestreikt. Si fuerderen ee Salaire, deen un d’Liewenskäschten ugepasst ass, mee och besser Aarbechtskonditiounen.
De brittesche Premier Rishi Sunak hat ugekënnegt, datt de Gesondheetssecteur eng vun de fënnef Prioritéite vun dësem Joer wier. Allerdéngs weisen d’Zuele vum NHS, datt d’Waardelëschten an de Spideeler am September bei 7,8 Millioune Patiente louch.