Elbit soll deemno mat illegale Moyene geschafft hu fir u Commanden ze kommen.
Doriwwer hunn haut um Méindeg eng Rei vun europäesche Medie bericht.
D‘Decisioun wier deemno am Summer scho geholl ginn. Mataarbechter vun der NATO-Akafszentral NSPA zu Lëtzebuerg sollen deemno vertraulech Informatiounen u Rüstungskonzerner weidergeleet hunn.
Geld aus dësen illegale Praktike soll deemno iwwer Berodungsfirme gewäsch gi sinn.