D'Alliéiert vun der NATO sti kuerz virdrun haut nei Engagementer anzegoen. D'Sue missten investéiert ginn, mee d'Industrie an Europa ass net direkt prett, fir d'Produktioun séier eropzesetzen. D'Ukrain wier vill méi effikass, seet den estesche Verteidegungsminister Hanno Pevkur.
"Si si kapabel 4.000 Dronen an engem Dag ze produzéieren. Nennt mir eng europäesch Entreprise, déi dat maache kann."
Den estneschen Defensebudget läit haut scho bei bal 3,5 Prozent vum PIB. Deen zweetgréissten op der Lëscht vun den 32 NATO-Alliéiert.
Ukrain huet héich Capacitéiten, mee et feelt u Finanzéierung
An der Ukrain leien d'Produktiounscapacitéite bei iwwer 30 Milliarden Euro. Dat hieft den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj ervir. Et feelt awer d'Finanzéierung fir 40 Prozent dovun. Hie mécht dofir den Appell un d'Memberlänner, hir Investitiounen an d'Ukrain ze erhéijen.
"D’Waffen, déi bei eis hiergestallt ginn, sinn Deel vun engem neien, staarken europäesche System fir d’Sécherheet an d‘Verteidegung."
Um Forum mat Vertrieder:inne vun der Defenseindustrie um NATO-Sommet zu Den Haag gëtt d’Gespréich mat de Vertrieder:innen aus där Branche gesicht.
"D’Zukunft vun Europa gëtt net nëmmen un der Front an der Ukrain geschriwwen, mee och an Äre Fabricken.", esou d’Kommissiounscheffin Ursula von der Leyen un d’Adress vun der Industrie.
Schlussdeklaratioun mat just engem Saz iwwer d'Ukrain
D'NATO-Partner stéinge kuerz virdrun een historesche Schrëtt ze maachen, esou den NATO-Generalsekretär Mark Rutte.
"An elo ass et un Iech ze liwweren, ze liwweren an ze liwweren."
Haut, Mëttwoch, wäerten déi nei Ziler schrëftlech an der Schlussdeklaratioun festgehale ginn. Eng Deklaratioun, an där d’Ukrain wuel nëmme mat engem Saz ernimmt gëtt.
Dat war zejoert zu Washington nach anescht. Dat war éier den Donald Trump nees US-President gouf. Wéinst him a sengen Ambitiounen de russesche President net all ze rosen ze maachen, gouf dës Kéier d’Solidaritéit mam Land am Krich méi kleng geschriwwen.