Iwwerdeems benotze momentan iwwer 444.000 privat Leit d‘Plattform Myguichet.lu. De Minister huet awer och kloer Wënsch fir Zukunft.
„De Myguichtet muss ufänken, ee richtege personaliséierten digitale Service unzebidden. Dat heescht, den Tool muss sech op mech astellen an net ëmgedréint. Dat heescht de Myguichet muss sou intelligent ginn, datt en dem Bierger alles weist, wat hie concernéiert, souwuel vum Staat awer och vun de Gemengen, an net honnert Demarchen, déi guer net fir hien a Fro kommen.“
De Staat géing vill Wäert op d‘Sécherheet vun den Dokumenter an op Transparenz leeën, sou nach de Minister Marc Hansen.