Radioen

On air

Notturno  |  Matt Dawson - Whispers

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Musse mir eis keng Suerge méi ëm d'Drénkwaasser maachen?

No deem ville Reen

Musse mir eis keng Suerge méi ëm d'Drénkwaasser maachen?

An de leschte Méint an iwwer de Wanter huet et ëmmer erëm vill gereent. Fir d’Grondwaasser ass dat eng gutt Situatioun, virun allem no engem immens dréchene Mount Juni an engem allgemeng dréchene Summer d’lescht Joer. Esou konnt sech de verdréchente Buedem iwwer d’Wanterméint erhuelen. Mee heescht dat elo, datt mir eis keng Suerge méi ëm eist Drénkwaasser musse maachen?

auto_stories

2 min

headphones

1 min

play_arrow
Foto: picture alliance / Wolfgang Maria Weber | Wolfgang Maria Weber

D’Grondwaasserreserve fëlle sech normal am Zäitraum vun November bis Abrëll op. Dat well d’Natur an där Zäit manner aktiv ass, an d’Waasser esou besser duerchsickere kann. Bis datt d’Reewaasser an d’Grondwaasser iwwergaangen ass dauert et awer, erkläert d’Magali Bernard.

"Den Afloss vum Ree gesi mir net iwwer puer Deeg. Dat dauert e puer Wochen oder e puer Méint, fir wierklech ze gesinn, ob mir eng gutt Versickerung hunn."

Dem Rapport vu Meteolux no huet et leschte Wanter ronn 22 Prozent méi gereent wéi an der Moyenne. Standpunkt elo ass, datt d’Reservoire vum Grondwaasser gefëllt sinn. Dovu kënne mir awer net alles als Drénkwaasser benotzen. Knapp 20 Prozent vum Grondwaasser sinn duerch Nitrater, Pestiziden oder Metabolitte vu Pestizide verknascht.

Wieren déi knapp 20 Prozent vum Grondwaasser net verschmotzt, kéinten dovunner ronn 42.000 Awunner mat Drénkwaasser versuergt ginn; Also ronn 7 Prozent vu Lëtzebuerg.

Hydrogeologin: D'Waasser net verbëtzen

Eist Drénkwaasser bezéie mir zu Hallschent aus dem Stauséi an zur Hallschent vun eisem Grondwaasser. Der Hydrogeologin Magali Bernard ass et wichteg drun ze erënneren, datt just, well eis Grondwaasserreserve fir de Moment gutt gefëllt wieren, een elo awer kee Waasser verbëtze soll.

Et wéisst een nämlech net, wéi de Summer wäert ginn a scho guer net, wéi et duerno wäert ausgesinn.

"Mir hoffen, datt mir reegelméisseg Reen an de Wantere wäerten hunn, mee mir sinn net sécher."

135 Liter Waasser verbraucht all Lëtzebuerger pro Dag

Dobäi géifen och d’Konsequenze vum Klimawandel eng Roll spillen. Dowéinst ass et och egal, ob et grad vill gereent huet, mir sollen trotzdeem verantwortungsvoll mat der Ressource Waasser ëmgoen. D’Waasserwirtschaftsamt lancéiert dowéinst all Joer virum Summer eng Sensibiliséierungscampagne, fir ze erklären, wéi ee Waasser am Alldag spuere kann.

Ronn 135 Liter Waasser, also ongeféier esou vill, wéi an eng Buedbidde passt, verbraucht een Awunner zu Lëtzebuerg pro Dag. Dat meescht dovunner, ronn 36 Prozent, gëtt fir d’Hygiène benotzt.

Lauschterenplay_arrow