De Wollef ass een immens scheit Déier, erkläert de Biolog Roger Schauls. Eng wierklech Siichtung wier éischter rar, mee iwwer Wëldkamerae wieren awer scho Wëllef och hei zu Lëtzebuerg gesi ginn. E wier awer net als Bedrohung ze gesinn. Seng Haapt-Beute wier och éischter Wëld wéi Réi, Hirsch oder Wëllschwäin.
Datt de Wollef no souvill Joren, wou en net gesi gouf, elo och rëm an eise Géigenden opdaucht, géif virun allem um staarke Schutz vum Wollef leien.
De Christian Wester huet géint de Schutz vum Wollef och näischt auszesetzen. D’Unzuel un Déieren, déi bis elo gerass goufen, wier vill ze déif, fir sech wierklech Suergen ze maachen a wier och net mat Fäll am Ausland ze vergläichen.
Schutzmesuren: nach Loft no uewen
De Schutzplang géint Schied vum Wollef gesäit vir, datt ee Bauer direkt fir e verluerent Déier entschiedegt gëtt. De Chrisitan Wester bedauert awer, datt dat net déi indirekte Schied, ausgeléist duerch de Wollef, betrëfft.
Wann an engem Ëmkrees vun zéng Kilometer ee Wollef gesi gouf, kritt ee Bauer och Schutzmesure finanzéiert, do wier awer nach Loft no uewen.
“Woubäi ee sech muss froen, wéi effizient déi Schutzdréit sinn. Déi sinn immens intensiv och am Ënnerhalt, datt de Stroum dropbleift, fir datt d’Déier ewech bleift. Dat ass relativ schwéier. Dann ass dat jo och regional ageschränkt an de Wollef wandert awer relativ wäit.”
Ofschoss, jo oder nee?
De Roger Schauls seet, datt et och guer net méiglech ass, säi Véi komplett virum Wollef ze schützen an huet Versteesdemech fir de Baueren hier Suergen. De konsequenten Herdeschutz mat elektreschem Zonk vu 4.000 Volt wier awer immens effikass, well d’Wëllef doduerch léieren sech dovun ewech ze halen.
A verschidden europäesche Länner, dorënner och Däitschland, gëtt driwwer diskutéiert, d’Schutzreegele vum Wollef rëm opzelackeren, an doduerch och den Ofschoss rëm méi einfach kënnen ze erlaben. Dat virun allem fir een ze staarke Wuesstem vun der Wollefspopulatioun, an doduerch méi héije Risk fir d’Notzdéieren, ze vermeiden. De Christian Wester gesäit do fir Lëtzebuerg nach laang kee Bedarf, dee Wee ze goen.
De Roger Schauls warnt, datt de Schoss op de Wollef och negativ Konsequenze ka mat sech zéien. Doduerch géif nämlech Ruddelstruktur zerstéiert ginn. Jonk Wëllef kréichen an där Struktur net mei bäibruecht, wou se op d’Juegd solle goen. Da wier et zimmlech warscheinlech, datt déi sech nees Notzdéieren huelen.
Verantwortung géintiwwer der Aartevielfalt
De Biolog appelléiert och un d’Verantwortung, déi de Mënsch géintiwwer den Aarten huet, déi an Europa heemesch sinn.
“Mir verlaangen als räich Länner vun asiateschen an afrikanesche Länner, datt si op Aarte wéi Léiw, Tiger, Elefant, mussen oppassen, datt si musse mat deenen eens ginn a se musse schützen. Ech mengen, mir mussen eis dann och bewosst sinn, datt mir déi nämmlecht Responsabilitéit och bei eis mussen akloen.”
De Wollef wier net just eng Beräicherung an der Aartevillfalt, mee géif och dozou bäidroen, anere Populatiounen wéi Wëllschwäin rëm an de Grëff ze kréien. Och dat hätt e positiven Impakt op d'Landwirtschaft, fënnt och de Christian Wester.
“Ech mengen, déi Schwäin, déi de Wollef hëlt, déi Schwäi maache kee Schued méi an der Landwirtschaft. Et ass ee biologescht Gläichgewiicht, dat sech do muss aspillen.”
Identifizéierung vum Déier eng Erausfuerderung
De Christian Wester schwätzt sech awer dofir aus, datt een eenzele Wollef soll ofgeschoss kënne ginn, wann deen ëmmer erëm opfälleg gëtt a Véi vum Bauer räisst.
Esou een Déier ze fannen ass awer guer net sou einfach, erkläert de Roger Schauls. Et wier och bal onméiglech nozevollzéien, ob et sech bei deem Déier, dat ee well ofschéissen, och wierklech ëm dat handelt, wat ebe fir verstäerkt Problemer suergt.
Bis ewell ass zu Lëtzebuerg nach kee Bedarf no der Diskussioun, ob de Schutz vum Wollef soll gelackert ginn. Als Mënsch brauch ee virum Wollef keng Angscht ze hunn, ënnersträicht de Biolog.