Méiglecherweis kéinten éischt Schëffer souguer schonn dëse Weekend erëm duerch d’Schleis, esou den Direkter vun der Waasserstroossen- a Schëfffahrtsverwaltung Mosel-Saar-Lahn, de Stephan Momper.
E “klengen direkten Impakt” op Mäertert
Ee Passagéierschëff war um Mëttwochmëtten an d’Paart vun der Schleis zu Sankt Aldegund gerannt. Dëst Accident wier iwwerhaapt net mam Crash an der Muselschleis zu Müden de leschten Dezember ze vergläichen, huet de Stephan Momper erkläert.
D’Schëfffaart op der Musel soll dës Kéier net ganz ënnerbrach ginn, esou d’Generaldirektioun Waasserstroossen a Schëfffaart. Wéinst dem Accident hu sech bannent engem Dag awer scho 50 Schëffer virun der Schleis zu Sankt Aldegund versammelt, esou den däitschen Transportministère.
Wéinst dem Accident, dierft et och ee “klengen direkten Impakt” op den Hafen zu Mäertert ginn, esou d’Aschätzung am 100,7-Interview vum Direkter vum Grupp Luxport Gilles Braquet.
Hien hat um Donneschdegmoien domat gerechent, datt d’Schleis an Däitschland bis dëse Sonndeg kéint blockéiert sinn.
“Aktuell wäerte mir een Impakt hunn. Wann et bei ee Sonndeg bleift, da wäerte mir eng Handvoll Schëffer hunn, déi mat Verspéidung an den Hafe kommen, dat heescht souwuel mat Material dat hei am Hafe soll entluede ginn, wéi och Schëffer, déi an den Hafe komme fir dann nees nei belueden zeginn.”
Fir sech ee Bild vun der Situatioun nom Schëffsaccident ze maachen, sinn den däitschen Transportminister Patrick Schnieder (CDU) an d’Verkéiersministesch aus Rheinland-Pfalz Daniela Schmitt (FDP) op der Plaz.