Radioen

radio100,7
  • radio100,7
  • opus100,7
On air

Am Buedmantel  |  Skinshape - I Didn't Know

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Munhowen iwwerhëlt Boissons Heintz

Gedrénksdistribution

Munhowen iwwerhëlt Boissons Heintz

Am Beräich vun der Gedrénksdistributioun koum et zum Zesummeschloss vun de béide gréissten Entreprisen hei am Land: Munhowen Distribution vun Éilereng huet virgëschter 100 Prozent vu Boissons Heintz vun Housen iwwerholl. 

auto_stories

1 min

Dësen Zesummeschloss gouf op enger Pressekonferenz an der Chambre de Commerce confirméiert, no der Nouvelle virun e puer Deeg op engem spezialiséierte belschen Internetsite.

D’Zil vun dëser Fusioun wier et, lëtzebuergesch Betriber zesummen ze halen, d’Weiderbestoen ze assuréieren an de Wuesstum vum Geschäft an der Groussregioun, esou no der Presentatioun d’Generaldirectrice vu Munhowen, Isabelle Lentz.

"Mir hunn elo ee Mëttwoch ënnerschriwwen, dat heescht mir sinn elo aktuell och offiziell Proprietär vu Boissons Heintz. Mee fir de Moment, an deenen nächsten 18 Méint wäert sech iwwerhaapt näischt änneren. Mir mussen elo mol konkret Analyse maachen, a kucke wou mir kënnen déi verschidde Synergië maachen." 

Ugekënnegt gouf, datt een neie “regionale Champion” an der Gedrénksdistributioun soll entstoen.

Munhowen Distribution ass den Depositaire vum Grupp Brasserie Nationale, an huet 2023 een Ëmsaz vun 92 Milliounen Euro gemaach. Boissons Heintz hat d’lescht Joer een Ëmsaz vun 39 Milliounen Euro.

Béid Entreprisen zesumme beschäftegen 300 Leit Personal.

live

Live