arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Mouvement écologique: vu 77 Regierungsversprieche ass nach keent ganz ëmgesat

Klimawandel

|
headphones

2 min

headphones

1 min

play_arrow

Mouvement écologique: vu 77 Regierungsversprieche ass nach keent ganz ëmgesat

A Saachen nohalteg Entwécklung giff d’Regierung bis elo net dat anhalen wat se de Wieler versprach hätt. Dee Bilan zitt de Mouvement écologique no 2 Joer CSV-DP-Regierung. Mat hirem Instrument "Mecoskop" hu si eng Analys gemaach.

headphones

2 min

headphones

1 min

play_arrow
Blanche Weber, Presidentin vum Mouvement Ecologique
Blanche Weber, Presidentin vum Mouvement Ecologique

77 Regierungsverspriechen hätt de Mouvement écologique mat hirem Instrument "Mecoskop" analyséiert. Dobäi wiere si zur Conclusioun komm, datt kee vun deene Versprieche bis ewell komplett ëmgesat gi wier. 

Knapp d’Hallschent vun de Versprieche wiere bis ewell net emol ugepak ginn. Méiglech Grënn gesäit de Mouvement écologique doran, datt déi eenzel Ministèren net genuch géifen zesummeschaffen an d’Ekologie bei dëser Regierung keng Prioritéit hätt.

"Dat Ganzt setzt dann awer eebe viraus, datt mer endlech en Ëmweltministère mat Profil musse kréien, ganz kloer, eng Integratioun vun ekologesche Froestellungen an all sektoriell Ministèren, an datt och ganz kloer d'Kooperatioun tëschent den eenzele Ministèrë verstäerkt gëtt. Do gesi mir nach ganz grav Defiziter. Dat Ganzt geet awer just, wa mer net alles nëmmen ënnert dem renge kuerzfristege wirtschaftlechen Denke maachen. Dat däerf net méi eleng esou den Taktgeber si vun de politeschen Entscheedungen. Mee mir mussen eebe laangfristeg denken, och aus ekologescher Perspektiv erabréngen an d'Wuelbefanne vum Mënsch méi an de Fokus réckelen."

Et brauch eng kloer Definitioun vun den Ziler 

Et kéint ee scho verstoen, datt no zwee Joer nach net vill Versprieche ganz ëmgesat wieren, erkläert d’Presidentin vum Mouvement écologique Blanche Weber. Mee alles an allem géif d’Regierung hiren eegenen Uspréch am Beräich vun der nohalteger Entwécklung awer net gerecht ginn.

D’Regierung géif zwar ëmmer dovu schwätzen, datt se d’Leit an hirer Politik wéilt mathuelen. Mee leider géif d'Regierung d'Leit weder mat op de Wee huelen, nach iwwerhaapt de Leit soe wouhi se solle matgeholl ginn. 

"Déi Äntwert, wouhin d'Leit da lo solle matgeholl ginn am Beräich Biodiversitéit, Klima - an Energiepolitik, Entwécklung vun der Landwirtschaft, déi Ausso bleift d'Regierung bis elo schëlleg. An dat ass jo awer eigentlech déi zentral Ausso, déi mir dann do brauchen. Mir fannen et gutt, wann d'Regierung d'Leit wëllt mathuelen a priori, mee da mussen awer och d'Leit an déi ekologesch Transitioun mathuelen."

Déi Ziler vun der ekologescher Transitioun missten iwwerdeems kloer definéiert ginn, esou nach d'Blanche Weber. 

play_arrow Lauschteren