arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Auswierkunge vum Klimawandel zu Lëtzebuerg: D'Leit solle sech de Risike bewosst ginn

Ëmwelt a Klima

|
headphones

4 min

headphones

16 min

play_arrow

Auswierkunge vum Klimawandel zu Lëtzebuerg: D'Leit solle sech de Risike bewosst ginn

Op d'Auswierkunge vum Klimawandel musse mir eis virbereeden. A fir datt et net just bei theoreetesche Resilienzstrategië bleift, hunn zu Lëtzebuerg Honnerte vun Experten a Bierger:innen un engem Consultatiounsprozess dierfen deelhuelen. E Modell mat Zukunft?

headphones

4 min

headphones

16 min

play_arrow
Norry Schneider (lénks); Bruno Alves (riets) | © Jo Diseviscourt
Norry Schneider (lénks); Bruno Alves (riets) (Foto: Jo Diseviscourt)

Den Ëmweltministère an d’Organisatioun CELL (Centre for Ecological Learning Luxemburg) hunn um neie Strategiepabeier fir d'Upassung un de Klimawandel geschafft.

D'Dokument soll de leschten Aktiounsplang an deem Beräich ersetzen a gouf am Kader vun engem Consultatiounsprozess ausgeschafft, un deem iwwer 500 Vertrieder:innen aus der Zivilgesellschaft deelgeholl hunn.

Theorie a Praxis vereenen

Esou goufe ronn 500 Leit un een Dësch bruecht. Een Deel Experten, en aneren Deel normal Bierger:innen, wéi den Norry Schneider am 100,7-Interview erkläert.

Zu den 300 Experten hu Leit aus ganz verschiddene Secteure gehéiert: Vum Assurancësecteur iwwer d’Landwirtschaft bis hin zu Urbanisten a Leit aus dem Energiesecteur. Déi Leit wiere gewinnt mat Dokumenter ze schaffen, seet den Norry Schneider.

Net an al Verhalensmuster zeréckfalen

Deem entgéintgesat ware Bierger:innen aus verschiddene Regiounen, déi sech manner mat der Theorie beschäftegen, a méi mat der Praxis.

Et wier een op dës kollektiv Intelligenz ugewisen, betount de Vertrieder vu CELL. Fir nämlech erauszefannen, ob d’Resilienz-Strategie, un där scho länger geschafft gëtt, gutt an ëmsetzbar ass, misst een d’Leit vum Terrain froen.

“Experte schwätzen dacks vu Resilienz. (...) Hei muss ee weider denken. Et dierf een net an al Verhalensmuster zeréckfalen.”

131 Proposen

Evidenterweis si bei 500 Leit vill verschidde Meenungen openeegetraff. Dat wier awer kee Problem gewiescht, mee "super", huet den Norry Schneider verroden. Hien hätt vill Situatiounen erlieft, wou zwee Secteuren, déi a priori net vill Gemeinsamkeeten hunn, sech iwwer eng Léisung eens gi sinn.

Doduerch wieren déi verschidde Proposen och net verwässert ginn, mengt den Norry Schneider.

“De Klimawandel ass ee Prozess, deen een net séier stoppe kann, mee mir fiederen d’Effekter of a schützen déi Vulnerabelst. Iwwer déi gëtt wéineg geschwat.”

Ganzer 131 Mesurë goufen ausgeschafft. 21 Stéck goufe vum Ëmweltministère zeréckbehalen. Déi sollen elo an den Aktiounsplang bis 2035 afléissen.

Educatioun als een Haaptpunkt

De Bruno Alves vum Ëmweltministère betount awer, datt net just säi Ministère sech mat de Propose befaasst huet, mee och aner Ministèren. Jee nodeem, wéi ee Secteur vun der Mesure betraff war.

Eng Rei Propose stounge schonn am Aktiounsplang dran.

E grousse Punkt, deen awer nei ass, ass de Volet Educatioun. D’Theema Klimawandel soll an de Schoule méi staark opgegraff ginn.

“Mir sinn all impaktéiert, mee mir mierken och, et ass ee sech net onbedéngt bewosst, wat ass de Risiko fir Lëtzebuerg?”

Et géing een ëmmer vun de Pazifikinsele schwätzen, déi verschwanne kéinten, seet de Bruno Alves, dobäi hätte mir och hei am Land mat Iwwerschwemmungen, Hëtztperioden an Dréchent ze kämpfen.

Eng Risikokultur schafen

Verbonnen un d’Educatioun ass och d’Zil eng Risikokultur ze schafen. De Bruno Alves erkläert, datt et drëms geet, sech bewosst ze sinn, wéi engem potentielle Risiko een ausgesat ass.

“Dat gëtt et hei zu Lëtzebuerg a verschiddene Regiounen. D’Leit un der Musel wëssen, datt d’Musel klamme kann.”

Rezent Iwwerschwemmungen hätten allerdéngs gewisen, datt mëttlerweil vill méi Regioune vun esou Risike betraff sinn. Duerch eng ugepassten Educatioun kann dat Bewosstsi fréi gestäerkt ginn, an d’Kanner gi sech méi bewosst, wat den Zesummenhang tëschent der Natur an der Gesondheet ass.

Dobäi kommen och d’Gemengen an d’Entreprisen, déi och Risiken evaluéiere mussen, fir beispillsweis Ligne-budgetairë festzeleeën, erkläert de Bruno Alves.

Kee Klimabiergerrot 2.0

Vläicht géing dëse Prozess och Denkustéiss fir aner Beräicher ginn, mengt den Norry Schneider iwwerdeems nach. Wann de Klimabiergerrot virun e puer Joer nach vill kritiséiert gouf, well quasi näischt de Wee an d’Realitéit fonnt hat, esou wier dës Consultatioun e richtege Succès.

De Bruno Alves mierkt nach un, datt Klimaadaptatioun och eng Opportunitéit fir d’Wirtschaft, de Sozialsecteur an Ökologie wier. Studie géinge weisen, datt mat engem investéierten Euro bis zu 10 Euro eraussprange kéinten.

E Beispill wier Holland, déi iwwer Joerhonnerte geléiert hunn, sech un hiert Ëmfeld unzepassen, an elo den Knowhow exportéieren.

 

 

play_arrow Lauschteren