Radioen

On air

Spektrum  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Mouvement écologique fuerdert d'Bäibehale vun den erhéichte Subventiounen

Austausch vun Heizungsanlagen an energeetesch Sanéierung

Mouvement écologique fuerdert d'Bäibehale vun den erhéichte Subventiounen

De Mouvement Ecologique fuerdert, datt déi erhéichte Subventioune fir den Austausch vu fossillen Heizungsanlagen a fir d‘energeetesch Sanéierung vun Haiser weider geféiert ginn. D‘Regierung huet decidéiert, fir dës sougenannten Top Ups aus dem Solidaritéitspakt 2.0 nom 31. Dezember net méi ze verlängeren.

auto_stories

1 min

© picture alliance / photothek | Thomas Koehler
Foto: picture alliance / photothek | Thomas Koehler

Bei de besonnesch héije Subventioune fir Solaranlage kéint een dat verstoen, sou d‘Ëmweltorganisatioun an engem Schreiwes. Mee den Austausch vun Heizungsanlage wier enorm wichteg fir déi energeetesch Transitioun a stéing och als zentral Moossnam am nationalen Energie- a Klimaplang, d‘nämmlecht wéi déi energeetesch Sanéierung.

Ouni déi staatlech Hëllefen géife vill Hausbesëtzer weiderhin op déi manner deier fossil Systemer zeréckgräifen, warnt de Mouvement Ecologique. D‘Regierung hätt zwar ugekënnegt, fir een neie Fërdersystem auszeschaffen, den Detail dovu wier awer nach net bekannt.

Bis dësen neie System an d‘Praxis ëmgesat wier, sollten dofir d‘Top Up-Subventioune bestoe bleiwen, revendiquéiert d‘ONG. Dat wier och am Sënn vun der sozialer Gerechtegkeet essentiel.