D’Wunnqualitéit an d’Upassung vun der Architektur un den Duerfcharakter misst stëmmen. An et dierft keng Bauperimeter-Erweiderung kommen, sou d‘Blanche Weber.
A punkto Ëmweltschutz-Oploen, déi méi un déi europäesch Direktiven sollen ugepasst ginn, seet d‘Blache Weber, dierft dat net op d‘Käschten vun der Begrengung an de Wunncartieren goen. Wichteg wier et nämlech am Kontext vum Klimawiessel datt am urbane Raum méi grengs bestoe bleift, fir géint d‘Hëtzt unzekämpfen.
De Mouvement warnt och virun der Reegelung "silence vaut accord". Wann eng Verwaltung bannent véier Méint net äntwert, soll dat an Zukunft als Accord consideréiert ginn.