arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Mouveco: Aktiounsplang fir Biolandwirtschaft ee politesche Réckschrëtt

Ëmweltpolitik

|
headphones

1 min

Mouveco: Aktiounsplang fir Biolandwirtschaft ee politesche Réckschrëtt

De Mouvement écologique spuert net mat Kritik um neien nationalen Aktiounsplang fir d’Biolandwirtschaft. De Plang wier ouni Bedeelegung vun de betraffenen an interesséierten Acteuren ausgeschafft ginn, schreift Ëmweltorganisatioun.

headphones

1 min

© Bigstock / AlexandrMusuc
(Foto: Bigstock / AlexandrMusuc)

D‘Ziler vum Aktiounsplang géife wäit hannert den Erwaardungen an Erausfuerderunge leien, déi op sozialem, ökologeschem an ekonomeschem Plang leien.

D‘Zil vun engem Plus vun engem Prozent Fläch am Biolandbau, wier als politesche Réckschrëtt ze gesinn.

De Mouveco fënnt, datt bis 2050 eng komplett Biolandwirtschaft misst erreecht sinn.