Radioen

On air

Nei Musek  |  Eng Hal voller Maschinnen

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Mooss-Campagne: Stéckstoff-Dioxid-Wäerter ënnert der Moyenne vu leschte Joren

Ëmweltverwaltung

Mooss-Campagne: Stéckstoff-Dioxid-Wäerter ënnert der Moyenne vu leschte Joren

D‘lescht Joer sinn op kenger Miessstatioun uechtert d‘Land ze héich Stéckstoff-Dioxid-Wäerter gemooss ginn. Dat deelt d‘Ëmweltverwaltung mat, am Kader vun der 5. nationaler Mooss-Campagne, zesumme mat der Klima Agence.

auto_stories

1 min

Illustratioun Loftverschmotzung | © picture alliance/dpa | Abed Rahim Khatib
Foto: picture alliance/dpa | Abed Rahim Khatib

D‘NO2-Wäerter ginn op 123 verschiddene Punkten an 33 Gemenge gemooss. D‘Wäerter léichen och ënnert der Moyenne vun de leschte Joren. E Pic gouf et am Februar, wat mam dréchenen a sonnege Wieder ze di gehat hätt.

Am niddregste war d‘Loftverknaschtung am Juli an am August, well do manner Verkéier ass wéinst der Vakanz.