Radioen

On air

Vue sur mer  |  Deep Sea Diver - Shovel

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Republik Moldau: Prowestlech Kandidatin gewënnt Presidentschaftswalen

Mat 55,1 Prozent

Republik Moldau: Prowestlech Kandidatin gewënnt Presidentschaftswalen

An der Republik Moldau huet déi prowestlech Presidentschaftskandidatin Maia Sandu sech bei de Walen duerchgesat. Dat mat 55,1 Prozent vun de Stëmmen.

auto_stories

1 min

© picture alliance/dpa | Sebastian Gollnow

Dat huet den offizielle Walbüro matgedeelt nodeems 99 Prozent vun de Stëmmen ausgezielt sinn. De prorussesche Kandidat Alexandr Stoianoglo koum just op 44,9 Prozent vun de Stëmmen. Déi al an nei Präsidentin krut grousse Support vu Moldauer:innen déi an der EU liewen.

Den ukrainesche Präsident Wolodymyr Selenskyj huet der neier Presidentin fir hir Victoire felicitéiert.

De Lëtzebuerger Premier Luc Frieden huet an engem Message op X gemengt Moldawien hätt den europäesche Wee ageschloen. D‘Walvictoire wier e staarkt zeeche fir Reformen a méi en enk Ubannung un d‘EU.