Radioen

On air

Popfilter  |  Sharon Van Etten - Somethin Ain't Right

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Mirka Costanzi : Kreativitéit matenger sozialer Oder

Sot emol

Mirka Costanzi : Kreativitéit matenger sozialer Oder

Et ass schonn ee spezielle Wee deen d’Mirka Costanzi gaangen ass. Fir d’éischt d’Etudë fir Assistante sociale zu Bréissel an dunn Theaterpädagogie zu Heidelberg. Do läit d’Fro natierlech op der Hand, wéi si déi zwee Domainer matenee verbonnen huet.

auto_stories

2 min

headphones

56 min

play_arrow

Lauschterenplay_arrow


Dat huet ganz sécher mat der Mirka Costanzi hirer sozialer Oder ze dinn, well wou si bis zu Bréissel fäerdeg gouf war de Wonsch grouss, nach weider ze studéieren.ee M wat?

“An ech sot, da maachen ech awer esou e klengt “freiwillges soziales Jahr” op eege Fauscht an ech hunn e puer Saache gekuckt gehat.(...) Do hunn ech geduecht Plang B da ginn ech op Berlin. An hunn do eng ganz flott Tanzwerkstatt fonnt, wou ech mäi Stage gemaach hunn.”

Do huet eng Theaterpädagogin geschafft an d’Mirka Costanzo huet d’Thetaerpädagogie wärend dem Stage entdeckt a wollt méi gewuer ginn. Kann een dat studéieren? Ass dat ee Beruff?

“Wow, dat wier ideal. Ech hunn effektiv ëmmer eppes gesicht, wou ech ka meng sozial Oder mat menger Kreativitéit kann e bësse verbannen.”

Wat ass Theaterpädagogie?

Theaterpädagie heescht mat engem Grupp Leit, meeschtens Laien, Theater spillen. Wou besonnesch dräi Punkte ganz wichteg sinn. Et gëtt déi kreativ, sozial a kreativ-ästhetesch Kompetenzen ze entwéckelen.

“D’Zil ass net onbedéngt ëmmer eng Opféierung, mee och de Wee, de Prozess dohinner. Ech hu mat Kanner ganz vill Theaterstécker gemaach, mat Senioren hunn ech Theaterstécker gemaach, mat Mënsche mat geeschteger oder kierperlecher Behënnerung.”

Theater ass keng Therapie

Et mierkt een an deem Theater-Entwécklungsprozess, wat dee mat engem mécht, well et seet jo, datt Theater keng Therapie ass, mee et huet awer een therapeuteschen Effekt.

“Dat mécht eppes mat de Leit, einfach esou spillen, eng aner Roll huelen, sech iergendwéi an eng Roll versetzen och kucke wat mécht deen aneren, wat mécht dat mat mir.”

Assistante sociale vs. Theaterpädagogie

Mat den Erklärunge vun der Mirka Costanzi kritt een d’Bild, datt déi zwee Beräicher aneneen iwwerginn. Et huet een therapeuteschen Effekt, an et verbënnt d’Mënschen.

“Ech hunn ëmmer gesot, wann ech de Beruff Assistante sociale hunn, da wëll awer och déi kreativ Saach matenee verbannen, datt Leit zesumme kommen. Dat ass ee Mëttel fir sech selwer besser kennen ze léieren.”