Radioen

On air

Vue sur mer  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ ​Minsitère fir Héichschoul a Fuerschung: Claude Meisch weist sech zefridden

Bilan

​Minsitère fir Héichschoul a Fuerschung: Claude Meisch weist sech zefridden

De Budget vum Ministère fir Héichschoul a Fuerschung ass an de leschte fënnef Joer vu 460 Milliounen op 625 Milliounen Euro geklommen, dat ass eng Hausse vu 36 Prozent. Déi Zuele ginn aus dem Bilan ervir, deen den zoustännege Minister am Kader vun der Rentrée académique presentéiert huet.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© Marlène Clement play_arrow
(Foto: Marlène Clement)

Zefridde weist sech de Claude Meisch ënner anerem iwwer d‘Entwécklung vun der Offer vun de Studiegäng zu Lëtzebuerg. Bei de BTS-Studiegäng, also dem Brevet de Technicien Supérieur, wier d‘Attraktivitéit an de leschte Joren däitlech eropgaangen, ënnersträicht de Claude Meisch. 2010 ware Ronn 240 Studentinnen a Studenten an 10 verschiddene BTS-Studiegäng ageschriwwen. D'Lescht Joer waren et 834 Studentinnen a Studenten an alles an allem 36 Studiegäng am BTS.

E Master an der Medezin?

D’Uni Lëtzebuerg géif iwwerdeems bal duebel esou vill Studien-Ufänger am Enseignement zielen, ewéi nach viru fënnef Joer, erkläert de Minister fir Héichschoul a Fuerschung. Am neie Bachelor-Programm an der Medezin, dee virun dräi Joer lancéiert gouf, wiere Stand haut 160 Persounen. De Claude Meisch fënnt, datt och e Masterstudiegang an der Medezin gebraucht gëtt.

"Datt mer villäicht och nach déi eng oder aner Spezialiséierung wäerte brauchen. Ech stinn awer zu deem Planning, dee mer virgesinn hunn, datt mer fir d‘alleréischt sollten evaluéieren a wat fir enger Qualitéit mer et haut fäerdeg bréngen de Bachelor ze assuréieren."

​Upassung vun der Studentebourse

An de leschte Joren hätt den zoustännege Ministère och op déi multipel Krise reagéiert, ënnersträicht den Claude Meisch. Esou wier d’Studentebourse strukturell no uewen ugepasst ginn, an der Héicht vun 10 Milliounen Euro.

"Bei der leschter Rentrée académique huet dat dozou gefouert, datt mer net nëmmen déi 10 Milliounen Euro u Bourse verséiert hunn, mee datt mer mat deenen zwou Indextranchen, déi och nach dee Moment mat agerechent gi sinn, 16,8 Milliounen Euro méi verséiert hunn."

Op den eenzele Student hätt dat e Plus vun 10 Prozent ausgemaach. D’Prozedur fir d’Studentebourse unzefroe wier an Tëschenzäit komplett digitaliséiert ginn.

Lauschterenplay_arrow