Radioen

On air

Concert  |  Een Owend an der Elbphilharmonie mat franséischem Impressionismus

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Regierung wëll sech staark maache fir Moderniséierung vun der Aarbechtsorganisatioun

Ministerrot

Regierung wëll sech staark maache fir Moderniséierung vun der Aarbechtsorganisatioun

Gesellschaftspolitesch Sujeten hunn de Ministerrot vun de Moien dominéiert. Am Briefing fir d’Press huet de Premier Luc Frieden am Freidegnomëtten dann och zum Beispill annoncéiert, datt d’Sacha Baillie a vier Méint Hofmarschall gëtt. Den Haaptpunkt am Briefing war awer de Sozialdialog.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Foto: Eric Ewald

Dee steet jo de Moment op Grond vum Sträit tëscht de Gewerkschaften an dem Minister Georges Mischo am Fokus vun der Aktualitéit, Eric Ewald. De Premier huet widderholl, datt de Sozialdialog der Regierung, “extrem wichteg” wier. Et kéint een an dësem Fall allerdéngs net vun déckem Sträit schwätzen. Villméi hätt ee Meenungsverschiddenheeten. D’CSV-DP-Regierung wier fir eng Modernisatioun vun der Aarbechtszäitorganisatioun. Zum Beispill d'Sonndesaarbecht am Handel:

"Mir maachen dat, well ganz vill Leit, déi am Commerce schaffen, gesot hunn: Mir wëllen net sonndes fir 4 Stonne vun der Lorraine op Lëtzebuerg fueren, an no 4 Stonne musse mer heemgoen”

4. November nächste Rendez-vous mat de Gewerkschaften

Et géif net ëm eng Generalisatioun vun der Sonndesaarbecht goen, mee ëm eng Adaptatioun vum Familljen- un d’Beruffsliewen. Déi wéilt ee mat de Gewerkschaften an dem Patronat ëmsetzen. De Luc Frieden sot och, datt d’Regierung d’Recht vun de Gewerkschafte confirméiere géif, fir Kollektivverträg ze verhandelen, an datt den Aarbechtsminister de 5. November en nächste Rendez-vous mat de Gewerkschaften huet.

Sacha Baillie gëtt Hofmarschallin

Wat den Haff ugeet, huet de Premier ugekënnegt, dass et geschwënn erëm eng Hofmarschallin gëtt. D'Sacha Baillie iwwerhëlt déi Roll vum 1. Mäerz 2025 un. Dat op Propositioun vum Grand-Duc a vum Lieutenant-représentant

Dee Choix stéing fir Kontinuitéit a fir Renouveau, huet de Luc Frieden ënnerstrach.

Luc Frieden: D'Sprooch gehéiert kenger Partei

Am Zesummenhank iwwer d'Lëtzebuerger Sprooch, mengt de Premier iwwerdeems, datt déi net enger Partei géif gehéieren. Den ADR-Vertrieder Fernand Kartheiser hat jo am Europaparlament eng Ried op lëtzebuergesch wëllen halen.

Nu wier et awer sou, datt mer am Ausland misste verstane ginn. D’Sprooch hätt also eng Dimensioun no bannen an eng no baussen, sou de Premier.

Den 13. November ass iwwerdeem en "erneierbar Energien-Dësch" an den 19. November dem Xavier Bettel seng aussepolitesch Deklaratioun, esou d'Annonce vum Luc Frieden.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
National
Politik a Gesellschaft