Radioen

On air

Spektrum  |  Zach Bryan - Sandpaper Feat. Bruce Springsteen

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ “Mir brauchen eng aner Reanimatiouns-Kultur”

Den Hallwer Néng

“Mir brauchen eng aner Reanimatiouns-Kultur”

Bal néierens huet ee mat engem Häerzstëllstand esou schlecht Aussiichte wéi zu Lëtzebuerg. De Mike Thomas a Carlo Clarens vum Luxembourg Resuscitation Council (LRC) wëllen eppes dorun änneren.

auto_stories

2 min

headphones

23 min

Reanimatioun | © Jo Diseviscourt play_arrow
(Foto: Jo Diseviscourt)

Statistesch huet all Joer vun 1.000 Leit emg Persoun en Arrêt cardiaque. Dat heescht, datt mir zu Lëtzebuerg op gutt 600 Fäll d’Joer kommen. Méi wéi een den Dag am Duerchschnëtt. D’Chancen, deen Häerzstëllstand baussent dem Spidol ze iwwerliewen, déi sinn zu Lëtzebuerg net esou gutt wéi op villen anere Plazen.

Effektiv huet een an anere Länner vill besser Chancen erëm zeréckgeholl ze ginn, wéi hei. Dat huet domat ze dinn, datt zu Lëtzebuerg nëmme relativ wéineg Leit wëssen, wat ze maachen ass, wa si mat esou engem Fall konfrontéiert ginn, an dat dann och maachen.

De Mike Thomas (lénks) an de Carlo Clarens (riets). | © Jo Diseviscourt
De Mike Thomas (lénks) an de Carlo Clarens (riets). (Foto: Jo Diseviscourt)

Eng niddreg Laie-Reanimatiouns-Quot

An anere Länner ass déi sougenannt Laie-Reanimatiouns-Quot vill méi héich wéi hei: Wärend an Norwegen zum Beispill a méi wéi 80 Prozent vun de Fäll eng Persoun, déi zoufälleg op der Plaz war (an also net eréischt vun de Rettungsdéngschter dohi geschéckt ginn ass) schonn déi néideg Gestë mécht, läit dee Prozentsaz zu Lëtzebuerg just bei 32 Prozent. An der Realitéit warscheinlech souguer nach drënner, well net all Donnéeë mat der néideger Präzisioun gesammelt ginn. 

Den niddregen Taux huet mat de Formatiounen ze dinn. Wat ee méi Leit ausbilt, wat och déi Quot besser gëtt. A wat d’Quot besser ass, wat méi Liewe gerett ginn. Zu Lëtzebuerg gëtt et den LRC, de Luxembourg Resuscitation Council, en Zesummeschloss vu 16 Organisatiounen an Acteuren aus dem Gesondheetsberäich, dee sech där Aufgab vun enger besserer a vu méi Formatioune verschriwwen huet.

Formatioun an de Schoulen

“Mir brauchen eng aner Reanimatiouns-Kultur”: Dat ass de Credo vum Carlo Clarens, fréiere Beruffspompjee, a Grënnungsmember vum LRC.

De Mike Thomas zitt a senger Pensioun als Formateur duerch d’Lycéën, fir de Proffen do déi néideg Gestë bäizebréngen. Dës Formatioun ass mëttlerweil och Flicht. Et geet virun allem ëm dat, wat ee bannent den éischten 3 Minutte maache muss. D'Iddi ass déi, datt d'Léierpersonal dat Wëssen dann un hir Schüler:inne viru gëtt, an déi et un hir Famill oder Bekannten. En einfache Multiplikatiounsfaktor, dee Liewe rette kéint.

Lauschterenplay_arrow

Gesondheet
Politik a Gesellschaft