arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Mexiko: Nom Doud vum Chef reagéiert gréissten Drogekartell mat Gewalt

International

|
headphones

1 min

Mexiko: Nom Doud vum Chef reagéiert gréissten Drogekartell mat Gewalt

A Mexiko koum den El Mencho, Chef vum gréissten Drogekartell, ëm d'Liewen. Hie gouf blesséiert wéi mexikanesch Zaldoten hie verhafte wollten an ass um Wee an eng Klinik zu Mexiko-City gestuerwen. 

headphones

1 min

© EPA/Ivan Villanueva
(Foto: EPA/Ivan Villanueva)

De Kartell huet mat Gewalt reagéiert. An e puer Staate goufen Autoen, Banken, Tankstellen a Butteker a Brand gestach. Déi mexikanesch Presidentin Claudia Sheinbaum huet d‘Populatioun opgeruff roueg ze bleiwen. Auslännesch Ambassaden hunn hir Bierger a Biergerinnen opgeruff ze vermeide virun d‘Dier ze goen. 

Deen 59-Joer alen El Mencho, e fréiere Polizist, war zanter 2011 Chef vum berüchtegten Drogekartell Jalisco. D‘USA haten eng Belounung vu 15 Milliounen US-Dollar op hien ausgesat.