arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fréiere brittesche Wirtschaftsminister Mandelson wéinst Epstein-Affär festgeholl

Groussbritannien

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Fréiere brittesche Wirtschaftsminister Mandelson wéinst Epstein-Affär festgeholl

A Groussbritannie gouf et um Méindeg déi zweet Festnam am Fall Jeffrey Epstein. An zwar gouf de Peter Mandelson verhaft, dee viru kuerzem nach britteschen Ambassadeur zu Washington war. Fir de Premier Keir Starmer kann dëst e grousse Problem ginn.

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Peter Mandelson | © EPA/BONNIE CASH / POOL
Peter Mandelson (Foto: EPA/BONNIE CASH / POOL)

Um Méindegmëtteg gouf de Peter Mandelson a sengem Doheem am Norde vu London wéinst Verdacht op Amtsmëssbrauch festgeholl. Hien gouf géint 2 Auer an der Nuecht op Kautioun rëm fräigelooss.    

Him gëtt virgeworf, dem Sexualverbriecher Jeffrey Epstein vertraulech Informatioun geschéckt ze hunn, wéi hien tëschent 2008 an 2010 Wirtschaftsminister an der Regierung vum Gordon Brown war. Dëst geet aus E-Mailen ervir, déi den US-amerikanesche Justizministere viru kuerzem am Jeffrey Epstein Dossier verëffentlecht huet.

An der Eurokris vun 2010 zum Beispill hatt de Peter Mandelson de Jeffrey Epstein am viraus iwwer de 500 Milliarden Euro Rettungsplang vun der EU informéiert.

De Peter Mandelson war e Gigant an der brittescher Labour Partei. Hie war Minister an de Regierunge vum Tony Blair an dem Gordon Brown a war nach bis Hierscht britteschen Ambassadeur an den USA.

Keir Starmer ënner Drock

Wéi den Epstein-Dossier opgedeckt huet, wéi enk hie mam Sexualverbriecher befrënnt war, ass hien aus der Labour Partei zeréckgetruedenen a gouf am September vu senger Positioun als Ambassadeur entlooss.

De Premier Keir Starmer ass elo ënner Drock, well hien de Peter Mandelson als britteschen Ambassadeur an den USA ernimmt hat, obwuel deem seng Frëndschaft mam Jeffrey Epstein bekannt war. Déi Konservativ Partei kritiséiert de Premier dofir staark.

Entscheedungsprozess vum Keir Starmer gëtt gepréift

"Dëst ass den entscheedendste Moment an der Amtszäit vum Keir Starmer. Ze gesinn, wéi dee Mann, deen hie selwer fir den héchste Posten am diplomateschen Déngscht ernannt huet, vun der Police verhaft gëtt: Dat ass ee Bild, dat eis warscheinlech all nach Jore laang an Erënnerung bleift,“ esou sot d‘Kemi Badenoch, Leader vun den Tories.

Déi Konservativ Partei wëllt lo dem Keir Starmer säin Entscheedungsprozess am Fall Mandelson méi genau ënner d'Lupp huelen. Ob de Premier dëse Skandal iwwersteet, bleift ofzewaarden.

play_arrow Lauschteren