arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Meteor iwwer Lëtzebuerg: Material aus dem Weltall, dat net komplett ofgebrannt war

National

|
headphones

2 min

Meteor iwwer Lëtzebuerg: Material aus dem Weltall, dat net komplett ofgebrannt war

“Gëschter hu mir tatsächlech ee Meteorit an eisem Lëtzebuerger Himmel gesinn”, bestätegt am 100,7-Interview de Julien Laigle vum Luxembourg Science Center zu Déifferdeng. Dobäi hätt et sech ëm ee Stéck aus dem eelere Sonnesystem gehandelt.

headphones

2 min

Symbolfoto Meteor  | © EPA/GEORGI LICOVSKI
Symbolfoto Meteor (Foto: EPA/GEORGI LICOVSKI)

De Feierball, dee gëschter hei am Land, mee och an Holland, der Belsch, Westdäitschland an der Schwäiz ze gesi war, war Material aus dem Weltall, dat zum groussen Deel - awer net komplett - verbrannt ass, confirméiert de Wëssensvermëttler Julian Laigle. 

Eroffale vu Meteoriten éischter seelen

Dobäi misst ee wëssen, datt pro Dag op der ganzer Welt ëm 70 bis 90 Tonnen u Meteorittestëbs eroffalen, erkläert de Julien Laigle.

"Natierlech vergléit dat meescht an der Äerdatmosphär, well déi mat enger immenser Geschwindegkeet vu bal 70.000 Kilometer pro Stonn eeben hei erofflitzen, an duerch déi Reiwung mat de Gasen, mat de Loftmoleküller, vergléien déi quasi meeschtens. Mee heiansdo kënnt et awer vir, dass mir ee Meteorit hunn, deen e bësse méi grouss ass an dann awer schafft, dee ganz schwéiere Passage duerch d’Atmosphär ze iwwerliewen an dann awer hei op eis Äerd roffält, esou wéi dat zum Beispill gëschter Owend a Koblenz de Fall war." 

Ee Meteoritendeel hat gëschter Owend zu Koblenz den Daach vun engen Haus beschiedegt. Beim Aschlag wier ee Lach esou grouss wéi ee Fussball entstanen, esou déi lokal Autoritéiten. Dobäi wier kee blesséiert ginn.

Dacks landen d'Stécker an der Natur 

Réng statistesch gesinn ass et immens seelen, datt ee Meteorite tatsächlech och Schued uriicht.

"Eis Äerd ass immens grouss a meeschtens landen déi iergendwou an der Natur, wat relativ, awer net esou seelen ass. Mee datt se iergendwou an enger Siidlung och erof offält, dat ass scho spektakulär an immens seelen."

Meteroite si Millioune Joer méi al wéi d'Äerd 

Am Labo kéint een ënnersichen, ëm wat genee et sech gehandelt huet, wat gëschter op der Äerd ukomm ass, a wéi een Alter d’Material huet, erkläert de Julien Laigle vum Luxembourg Science Center. 

"Dat verréit eebe ganz vill iwwer d'Geschicht vun eisem Sonnesystem, wéi dat sech ganz gebilt huet. Well déi Meteoriten eebe méi al sinn, wéi eis Äerd, also e puer Millioune Joer méi al. Dat heescht, wann ee sou eppes emol an der Hand huet, dat ass immens flott."

Da kéint ee soen, et géif een den eelsten Objet an der Hand halen, deen ee jee op der Äerd wäert kënnen an d'Hand huelen, esou nach den Julien Laigle vum Luxembourg Science Center zu Déifferdeng.