arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Poopst Leo XIV publizéiert seng éischt Enzyklika mam Titel: "Magnifica Humanitas“

Vatikan

|
reading time

1 min

De Poopst Leo XIV publizéiert seng éischt Enzyklika mam Titel: "Magnifica Humanitas“

De Poopst Leo de XIVten verëffentlecht haut um Péngschtméindeg seng éischt Enzyklika. Hien ass elo zënter iwwer engem Joer Chef vun der kathoulescher Kierch. Säin universal Léierbuch huet méi wéi honnert Säite a beschäftegt sech mam Schutz vum Mënsch, am Zäitalter vun der kënschtlecher Intelligenz. 

reading time

1 min

Vatikan, Poopst Leo XIV | © EPA/ANGELO CARCONI
Vatikan, Poopst Leo XIV (Foto: EPA/ANGELO CARCONI)

Déi éischt Enzyklika vun engem Poopst gëtt vu villen Säiten als eppes wei eng Regierungserklärung ugesinn. De Poopst Leo huet an diverse Rieden ëmmer erëm virun de Gefore vun der kënschtlech Intelligenz gewarnt, dat ënner anerem am militäresche Beräich. Hien huet awer och d‘Ëmweltzerstéierung an deem Kontext, an déi reegelrecht Cours no de sielenen Äerden (terres rares) kritiséiert. 

Terres rares wéi beispillsweis de Kobalt gëllen als Matière première fir déi modern Technologie.