Par conter war de Mount Februar fiicht an d’Sonn huet sech net vill gewisen. Et goufe just 35 Stonne Sonn registréiert. Dat ass am Ranking déi zweet leschte Plaz fir de Mount Februar.
Dee ganze Wanter war mat enger Duerchschnëttstemperatur vun 4,1 Grad deen drëttwäermste Wanter zanter 1947. Am Verglach mat de Jore virdrun huet et méi gereent, mee an de leschte Wantere gouf et ee Waasserdefizit.