Radioen

On air

Spektrum  |  White Denim - It Might Get Dark

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lästeg Mustiken, geféierlech Mustiken

Invasiv Aart

Lästeg Mustiken, geféierlech Mustiken

Zu Lëtzebuerg ginn et ronn 30 Zorte Mustiken, dorënner och invasiv Aarten. Dat si Mustiken, déi ageschleeft goufen, esou de Biolog Alexander Weigand. Als Wëssenschaftler beschäftegt hie sech all Dag mat de klengen Déieren. Och d‘Tigerméck huet hier Wee op Lëtzebuerg fonnt.

auto_stories

2 min

headphones

21 min

play_arrow
Den Alexander Weigand aus dem natur musée an d'Conny Huberty vun der Inspection sanitaire. (Foto: Chris Zeien)

D‘Tigerméck, déi zënter Joren zu Lëtzebuerg nogewise gouf, kann tropesch Krankheete wéi Dengue, Chikungunya oder Zika iwwerdroen.

Klimawandel, Globaliséierung an hir Folgen

Zwee Faktore spillen eng Roll bei der Verbreedung vu Mustiken. De Klimawandel bedéngt méi waarm Wanteren a fiicht Fréijoren an Europa: Konditiounen ënnert deene sech dës kleng Déiere besonnesch gutt verbreeden. Den zweete Faktor ass d‘Globaliséierung. De Persounen- a Wuerentransport bedéngt, datt Mustiken an Europa importéiert ginn.

Verstoppe vun den Mustiken an hiren Eeër

D‘Tigerméck gouf 2018 fir d'éischt zu Stolzebuerg nogewisen. Zënterhier huet sech dës Aart zu Lëtzebuerg verbreet, mee dat besonnesch am Oste vum Land, virun allem un der Sauer an un der Our. Eng flächendeckend Bekämpfung vun de Mustike wier awer net néideg, seet d‘Conny Huberty vu der Inspection santicatire. Fir d‘Verbreede vun de Mustiken anzedämmen, sollt ee verhënneren, datt sech Waasser op Plazen, wéi an engem Blummendëppen usammelt. Et kann een och een Netz iwwert säi Reewaasserbehälter spanen.

Mat verschiddene Mëttelen de Mustiken op der Spur

Fir d’Verbreedung vun den Mustike besser ze verstoen, goufen zwee Instrumenter ob d‘Been gestallt. Dat éischt ass de Mustikenatlas, dee Karte mat der aktueller Verbreedung vun den Mécken zu Lëtzebuerg enthält. Dat zweet Instrument ass eng Mustiken-App, mat där een eng Foto vun enger Méck ka maachen, fir erauszefannen, ob et sech ëm eng invasiv Mustik handelt

Lauschterenplay_arrow


 

Dësen Text gouf geschriwwe vum Carol Diederich.