Radioen

On air

Spektrum  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wat geschitt mat eisem Ofwaasser?

Den Hallwer Néng

Wat geschitt mat eisem Ofwaasser?

Zënter 2018 ass d’Kläranlag zu Gréiwemaacher a Betrib. Den Ofwaasserverbrauch vun ëmgerechent 47.000 Awunner:inne kann hei traitéiert ginn. Mee wat ass mam Ofwaasser geschitt, iert et dës Anlage gouf? A wéi funktionéiert eng modern Kläranlag? De Rick Mertens huet sech op d'Sich no Äntwerte gemaach.

auto_stories

4 min

headphones

20 min

Kläranlag Gréiwemaacher | © Simon Schmitt – www.globalview.be play_arrow
Foto: Simon Schmitt / globalview.be

Tëschent de Wéngerten an der Musel läit d'Kläranlag vu Gréiwemaacher, déi 2019 gebaut ginn ass, guer net wäit fort vun der oppener Schwämm.

Kläranlage sinn op d'Zukunft ausgeluecht

D’Danièle Mousel vum SIDEST (Syndicat intercommunal de dépollution des eaux résiduaires de l’est) erkläert, datt d’Kläranlag zu Gréiwemaacher op 47.000 “Einwohnerwerte” ausgeluecht ass. Dat heescht, datt ëmgerechent déi Mengen un Ofwaasser hei traitéiert kënne ginn, déi 47.000 Leit produzéieren.

Fir op dës Zuel ze komme ginn awer och de Commerce, d’Industrie, an ëffentlech Infrastrukture wéi d’Schoule mat agerechent. Dobäi komme spezifesch zu Gréiwemaacher nach de saisonalen Tourismus, den Hafen, an d’Air de Wasserbëlleg. Doriwwer eraus si Kläranlagen, déi nei gebaut ginn, ëmmer op 30 Joer ausgeluecht. De potentielle Wuesstem vun der Gemeng oder der Uertschaft ass also mat aberechent.

127 Anlagen am ganze Land

Mee wéi gouf d’Ofwaasser traitéiert, wéi et nach wéineg oder guer keng Kläranlage gouf? De Marco Vivani vun der Waasserverwaltung ass zoustänneg fir d’Kläranlagen hei am Land an erkläert, datt d’Stéit hir eege Fosse septique haten. Do gouf d’Ofwaasser mechanesch gerengegt, an duerno an déi nooste Baach oder Floss lafe gelooss. Sou ginn awer just 33 Prozent vun de Schuedstoffer erausgefiltert.

Fir ze wëssen, wéi vill Stéit zu Lëtzebuerg nach net un eng Kläranlag ugebonne sinn, goufen uganks dës Joers Relevéë bei de Gemengen ugefrot, déi elo iwwert de Summer ausgewäert ginn. Et schätzt een, datt eng 7.000 Awunner:innen net ugeschloss sinn, seet de Marco Vivani. Dat kann dru leien, well d’Haus ausserhalb vun engem Duerf oder wäit fort vun engem Kanal läit. Den Challenge wier et, dës Haiser un de Reseau unzebannen, bezéiungsweis eegestänneg Léisungen ze fannen. Dës Fosse-septiquë sinn nämlech net méi konform.

Aktuell ginn et 127 Kläranlagen uechter d’Land. Déi Gréisst ass zu Beggen, déi fir 450.000 “Einwohnerwerte” ausgeluecht ass. Péiteng, Schëffleng a Beetebuerg si jeeweils op 120.000 Awunnerwäerter ausgeluecht. Gréiwemaacher zielt also zu enger mëttelgrousser Kläranlag. Et ginn awer och nach eng helle Wull u klengen Anlagen, déi op 1.000 bis 5.000 Awunner:innen ausgeluecht sinn.

3 Stufe bis bei dat gerengegt Waasser

D’Kläranlag zu Gréiwemaacher ass iwwerdaacht. Et richt zwar e bëssen, mee sténken deet et bal net. D’Danièle Mousel erkläert, datt dat ënner anerem un enger performanter Ofloftbehandlung läit. Mee egal wou eng nei Kläranlag gebaut gëtt, et ginn ëmmer Gerochsstudië gemaach, fir datt d’Ëmgéigend net belaascht gëtt.

Wann d’Ofwaasser an der Kläranlag ukënnt, dann duerchleeft et als éischt déi mechanesch Stuf. Mat engem graffe Reech an engem renge Reech gëtt d’Waasser eng éischte Kéier gefiltert. Duerno gi Sand a Fetter erausgeholl. An der Virklärung gëtt dann e Groussdeel vum Organesche gefiltert.

Duerno kënnt déi biologesch Stuf. Am “Belebschlammwassergemisch” zersetze Bakterien d’Ofwaasser. Well awer net alles zersat ka ginn – zum Beispill de Phosphor – duerchleeft d’Waasser duerno nach eng chemesch Stuf.

Wat iwwreg bleift ass ënner anerem de Klärschlamm, deen nach vill Energie enthält. Dofir kënnt deen an ee 35 Grad waarme “Faulbehälter”, wou Bakterien de Schlamm stabiliséieren, a Methan gewonne gëtt. Duerno kann ee mam Gas een “Heizwerk” bedreiwen. D’Wiermt, déi esou zu Gréiwemaacher gewonne gëtt, gëtt am Summer genotzt, fir d’Waasser an der oppener Schwämm ze hëtzen.

Gerengegt Waasser ass keen Drénkwaasser

Dat gerengegt Waasser fléisst duerno an d’Musel. Drénke sollt een dat awer net, betount d’Danièle Mousel. An der Kläranlag gëtt nämlech keng Desinfektioun virgeholl. Et sinn also ëmmer nach Bakterien am Waasser dran. Et wier och net d’Zil vun enger Kläranlag, Drénkwaasser ze produzéieren, ënnersträicht déi Responsabel vum SIDEST. D’Oflafwäert vum Waasser, wat d’Kläranlag verléisst, sinn ëmmer un de Floss oder d’Bach ugepasst, an dat et erafléisst.

Eng nei EU-Direktiv gesäit elo méi streng Oflafwäerter vir. Fir Lëtzebuerg wier dat awer kee Problem, seet de Marco Vivani. Am Grand-Duché hätt een ëmmer scho bësse méi streng op dës Wäerter gekuckt. Dobäi kënnt awer elo och, datt Kläranlagen energieneutral musse ginn, a se Micropolluanten ewéi Medikamenter a Pestiziden erausfiltere mussen.

Als Verbraucher:in kann een och säin Deel dozou bäidroen, fir datt eis Kläranlage besser, respektiv manner schaffe mussen. Sou soll een zum Beispill kee fiichten Toilettëpabeier an d’Toilette geheien. Och soss gëllt d’Reegel: d’Toilette ass keng Dreckskëscht. Et soll ee just dat dra maachen, wat dra gehéiert. A wat net rakënnt, brauch och net rausgeholl ze ginn.

Lauschterenplay_arrow