Radioen

On air

Spektrum  |  White Denim - It Might Get Dark

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ MeteoLux: De Mäerz war ze naass an ze waarm

Meteo

MeteoLux: De Mäerz war ze naass an ze waarm

De Mount Mäerz war par rapport zur historescher Moyenne ze waarm, ze naass, an et gouf wéineg Sonn. Dee Bilan zitt MeteoLux vum leschte Mount. D’Duerchschnëttstemperatur louch dobäi bei 7,9 Grad, den Héchstwäert bei ëm déi 17 Grad. 

auto_stories

2 min

headphones

2 min

Reen | © Unsplash play_arrow
Foto: Unsplash

Ronn 16 Liter méi Reen op de Meterkaree goufen am Mount Mäerz um Findel gemooss. Verglach ginn dës Wäerter mat enger Referenzperiod vun 1991 bis 2020.
Dee ville Reen hätt seng gutt a seng schlecht Säiten, erkläert de Luca Mathias vu MeteoLux:

“Ech mengen, dat hänkt ëmmer och dovunner of, aus wéi enger Sicht een et gesäit. Ech menge fir d'Natur ass et sécherlech elo fir de Fréijoer eng gutt Saach, datt mir mat Iwwerschoss starten. Mee jo, d'Flësspeegele si jo och elo bësse méi héich wéi üblech. Ech denken, dat ass ëmmer bësse subjektiv, ob dat elo gutt oder schlecht ass.”

Anormal Temperature fir de Mount Mäerz

Duerch dee ville Reen an déi wéineg Sonnestonnen huet sech de Mäerz net als besonnesch waarm ugefillt. An awer waren et ronn zwee Grad méi wéi den Duerchschnëtt vun de leschten 30 Joer. De Luca Mathias erkläert, datt déi Temperaturen net normal wieren.

“An dat heescht dann eben och, trotzdeem, well awer zwee Grad iwwer der Referenzperiod sinn, ass dat trotzdeem schonn net all ze normal. Vue datt déi lescht Referenzperiod, déi vun 1991 bis 2020, och scho vum Klimawandel beaflosst ginn ass.”

De Mäerz war also ze waarm, awer vun der Sonn hu mir net vill gesinn. Dofir awer vill Reen. Widdersprécht sech dat dann net? Et géif un Déifdrockgebitter iwwer dem Atlantik leien, seet de Luca Mathias. Déi wiere fir de Ree verantwortlech a géifen awer och mëll Loftmassen aus dem Mëttelmierraum oder aus de subtropesche Regiounen an eis Richtung bréngen. Esou géif et trotz Wolleken a Reen zu waarmen Temperature kommen. 

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Ëmwelt