Och d‘Sonn huet zejoert bal 50 Stonne méi geschéngt, wéi déi ronn 1.800 Stonnen duerchschnëttlech. Et huet awer och iwwerduerchschnëttlech vill gereent: ronn 55 Liter op de Metercarré méi, wéi am Duerchschnëtt.
Wéi MeteoLux schreift, goufen am Joer 2023 eng ganz Rei Rekorder gebrach, ënnert anerem war de Juni, dee wäermste Juni zanter den Opzeechnungen um Findel. Laut dem Landwirtschaftsministère war 2023 dat drëttwäermste Joer – hir Opzeechnunge gi bis op d’Joer 1838 zeréck.
De ganze Bericht fann Dir hei.