D‘Parteispëtzt muss d‘Ursula vun der Leyen der europäescher EVP als Kandidatin fir d‘Europawalen den 9. Juni proposéieren.
De fréiere Lëtzebuerger Premier Jean-Claude Juncker hat am „Tagesspiegel“ gesot, d‘Ursula vun der Leyen hätt ee gudden Job un der Spëtzt vun der EU-Kommissioun gemaach, an dat ënner schwieregste Konditiounen. Hie géif sech wënschen, datt si rëm Kommissiounspresidentin géif ginn.