arrow_back_ios

article

article

/ Méiglech Schied u "Family of Man" - Déi Lénk fuerderen urgent Kulturkommissioun

Fotosausstellung

|
reading time

1 min

Méiglech Schied u "Family of Man" - Déi Lénk fuerderen urgent Kulturkommissioun

Déi Lénk froen d‘Urgence eng Reunioun vun der Chamberkulturkommissioun, a Presenz vum Kulturminister Erci Thill, fir iwwer d‘Affär ronderëm d‘Ausstellung Family of Man ze schwätzen.

reading time

1 min

© picture alliance / dpa | Ulf Mauder
(Foto: picture alliance / dpa | Ulf Mauder)

Den Deputéierte vun Déi Lénk, de Marc Baum, hätt nämlech Dokumenter kritt, déi eppes anescht géife soen, wéi dat, wat de CNA-Direkter Gilles Zeimet am Mäerz an der Kulturkommissioun den Deputéierte gesot hätt

Et geet ëm d‘Fotosausstellung "Family of Man", wou duerch technesch Panne gréisser Schied un de Fotoe sollen entstane sinn. Rieds ass vu Schimmelbefall, wat de CNA-Direkter Gilles Zeimet awer dementéiert huet. De Kulturminister Eric Thill hat sech hannert den Direkter gestallt.