Et wier souwuel eng moralesch wéi och eng ekonomesch Responsabilitéit vun der Regierung, fir ze garantéieren, datt ee mam Mindestloun als Revenu net ënnert d’Aarmutsgrenz fält. Der Regierung geheien déi Lénk Klientelismus fir d’Patronat vir, an den CSV-Aarbechtsminister Marc Spautz wier den neie Georges Mischo.
Grad Secteure wéi den HORECA, de Bau an eenzel Beräicher an der Santé, wou vill Leit de Mindestloun verdéngen, misste weiderhin attraktiv bleiwen, och fir Frontalieren. Soss géif déi sozial Kris am Land riskéieren sech ze verschlëmmeren.