Den Direkter vum natur musée Patrick Michaely erzielt am 100,7-Interview, datt dës nei Ausstellung mam Numm "Cours d'eau et climat au Luxembourg" d’Resultat vun enger Zesummenaarbecht ass, déi et schonn zënter Joerzéngten tëschent dem Musée an dem fréiere Centre de recherche publique Lippmann – also dem haitege LIST – gëtt. No enger ganzer Rei Publikatiounen, déi an deem Zesummenhang entstane sinn, wier rezent d’Ufro vum Institut grand-ducal komm, fir doriwwer eng Ausstellung ze maachen.
“Deen anere Grond ass natierlech, dass mir och am Haus selwer Klimafuerschung maachen. Natierlech Klimafuerschung an de vergaangenen Zäiten. Dann awer och Klimafuerschung an deem Sënn, wéi passen Aarte sech haut un de Klimawandel un? Dat heescht, do gëtt et eng ganz Rei vu Beréierungspunkten.”
D’Ausstellung wier zwar e bësse méi kleng, seet de Muséesdirekter, mee et wier eng, an där een als Visiteur vill gewuer géif ginn: Wéi vill Donnéeë sinn zu Lëtzebuerg scho gesammelt ginn? Wat gëtt zënter 175 Joer schonn a Saache Klimafuerschung gemaach? A wéi ginn dës Donnéeë verschafft?
Proffen aus dem Stater Kolléisch an hir Pionéieraarbecht
Hautdesdaags ass Meteorologie extreem professionaliséiert, betount de Patrick Michaely. Dat war fréier natierlech net esou. Dofir spillen och déi al Instrumenter, mat deenen d’Donnéeën erfaasst goufen, eng wichteg Roll an der Expo. De Patrick Michaely erënnert an deem Kader och dorun, datt virun e puer Joer schonn e Klimaatlas erauskomm ass, deen haut och nach online disponibel ass.
D'Expo retracéiert méi wéi 175 Joer Wiederopzeechnungen hei am Land. De Laurent Pfister vum LIST schafft hautdesdaags mat de modernste Mëttelen, déi et ginn. Fréier war dat allerdéngs ganz “rudimentär”, wéi den Hydrolog seet. Déi éischt Schrëtt an der Meteorologie zu Lëtzebuerg goufe vu Proffen aus dem Stater Kolléisch gemaach, déi mat selwergebauten Instrumenter éischt Miessunge bei sech doheem am gemaach hunn.
“Dat waren Temperaturmiessungen, dat ware Reenmiessungen. A lues a lues ass dat dann ëmmer méi sophistiquéiert ginn, mat ëmmer méi Parameteren, déi gemooss gi sinn.”
Ufanks wier eemol den Dag – ëmmer zur selwechter Auerzäit – d’Temperatur gekuckt ginn. No e puer Joer huet een dat du scho ganzer dräimol den Dag gemaach. Déi Proffen, déi dat deemools gemaach hunn, hunn dann och all Kéiers physesch misse raus bei den Thermometer goen, preziséiert de Laurent Pfister. “Dat ware wierklech Enthusiasten an déi hunn dat och op fräiwëlleger Basis gemaach”, betount de Klimafuerscher.
Ënnerstëtzung aus Holland
Einfach hate si et deemools och aus finanzieller Siicht net. 1876 huet de François Reuter probéiert, fir eng finanziell Ënnerstëtzung ze kréien, fir eng komplett Meteosstatioun kënnen an der Stad opzebauen. Déi ass awer deemools vun der Chamber refuséiert ginn, well net genuch Budget do war, erkläert de Laurent Pfister vum LIST. Hien huet sech awer net ënnerkréie gelooss an huet beim hollännesche meteorologeschen Déngscht gefrot, fir Instrumenter ze kréien.
An 175 Joer hu sech awer net just déi Instrumenter vill weiderentwéckelt, mee och d’Plazen, op deene gemooss ginn ass. Do, wou deemools d’Miessungen an der Stad gemaach goufen, stinn haut Gebaier. Dat beaflosst d’Miessunge vun haut natierlech.
“Do ginn et statistesch Usätz, fir esou historesch Donnéeën dann ze korrigéieren an ze maachen, dass déi Handbedéngungen, déi do ëmmer méi groussen Afloss kritt hunn, esou erauszefilteren, dass déi d’Analys vun deene laangen Zäiträim dann net verfälschen.”
Och wann an der Fréiphas vun de Miessungen d’Sensibilisatioun fir meteorologesch Ännerungen net déi selwecht ass, wéi hautdesdaags – Stéchwuert Klimawandel – sou ass awer gewosst, datt sech awer mat Dréchenten, Iwwerschwemmungen oder ganz kale Wanteren auserneegesat ginn ass. Dat fënnt een a Bicher, déi deels bis an dat 18. Joerhonnert zeréckginn.
Aarbecht vum LIST och haut nach mat "gewësser Prekaritéit" verbonnen
Net just d’Pionéier hate Schwieregkeeten, hir Miessungen ëmmer duerchzeféieren. Och haut ass et am LIST nach ëmmer sou, datt ee staark vun d’Finanzéierung vun eenzelne Projete gebonnen ass, erkläert de Laurent Pfister. De Reseau, deen een an de leschten 30 Joer opgebaut huet, wier “zu engem ganz groussen Deel ofhängeg vun individuelle Projeten, déi eng Lafzäit hunn tëschent dräi a véier Joer”, erkläert den Hydrolog. Dat wier ëmmer mat enger gewëssener Prekaritéit verbonnen.
“A wann de Projet ofgeschloss ass, dann ass natierlech ëmmer d'Fro: Kënne mir eis et erlaben, fir elo ausserhalb vun engem Projet déi Miessunge weiderzeféieren.”
Esou gesi wier et schonn eng gewësse Suerg vum LIST, datt déi Ofhängegkeet vu Projeten net gutt ass.
“Ech hoffen, datt mir net iergendwéi an eng Situatioun falen, wou dann iergendwann eng Kéier gesot gëtt: Bon, et sinn net genuch Projetsfinanzementer do. An dofir musse mir e ganzen Deel vun deene Miessungen astellen.”
Dat wier tragesch, betount de Laurent Pfister, well et wieren ebe genau déi laangfristeg Miessungen, déi engem et erlaben, fir Schlussfollgerungen iwwer déi staark Verännerung vum Klima ze zéien.
D’Ausstellung "Cours d'eau et climat au Luxembourg" kann een am natur musée an der Stad besiichtegen. De Musée ass all Dag op ausser méindes, dat vun 10:00 bis 18:00 Auer. Dënschdes souguer bis owes 20:00. Vun 17:30 un ass den Entrée op deem Dag och gratis.