Radioen

On air

Notturno  |  The Beach Boys - God Only Knows

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Gaza: Méi wéi 100 Doudeger no Ustuerm op Camion mat Hëllefsgidder

Noen Osten

Gaza: Méi wéi 100 Doudeger no Ustuerm op Camion mat Hëllefsgidder

An der Gazasträif sinn haut méi wéi honnert Zivilisten ëm d‘Liewe komm, déi ronderëm ee Camion mat Hëllefsgidder stoungen. Dat huet de palestinensesche Gesondheetsministère, dee vun der Hamas kontrolléiert gëtt, haut matgedeelt. 104 Mënsche sollen dobäi ëm d‘Liewe komm a 760 blesséiert gi sinn. Déi Zuele kënnen net onofhängeg iwwerpréift ginn.

auto_stories

1 min

Déi israeelesch Arméi mellt, datt d‘Leit sech ronderëm dee Camion gedréckt hätten, fir un d‘Hëllefsgidder ze kommen, a si wiere bei deem Chaos erdréckt oder vum Camion iwwerrannt ginn.

Israeelesch Medie mellen, datt de Moien eng 30 Camionen an der Stad Gaza ukomm wieren. Dausende Mënsche sinn dohi gerannt, wéi een op Videoe gesäit. D‘UNO warnt, datt vill Zivilisten an deem Gebitt riskéieren, ze erhéngeren.

De Krich an der Gazasträif huet zënter Oktober iwwer 30.000 Doudeger gefuerdert. Deen neie Bilan huet de Gesondheetsministère vun der Hamas matgedeelt.