Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Future Utopia - Don't Try This At Home

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Méi streng Reegele fir Online-Plattformen zu Lëtzebuerg

Online-Commerce

Méi streng Reegele fir Online-Plattformen zu Lëtzebuerg

Online-Plattformen zu Lëtzebuerg musse sech an Zukunft u méi streng Reegelen halen. Zum Beispill mussen illegal Contenue méi séier geläscht ginn a Reklammen, déi sech spezifesch u Mannerjäreger riichten, gi verbueden. Domat setzt Lëtzebuerg eng EU-Direktiv ëm, déi zejoert a Kraaft getrueden ass.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

Zil ass et, den Internet europawäit mat eenheetleche Reegele méi sécher ze maachen. Déi nei Reglementéierung viséiert an éischter Linn déi sougenannt "intermediair Servicer". Dat si Plattformen, op déi Utilisateuren hiren eegene Contenu eropluede kënnen. Dorënner falen zu Lëtzebuerg am ganze ronn 240 Plattformen, erkläert de Wirtschaftsminister Franz Fayot.

“Bei deene Plattformen, déi mir hei zu Lëtzebuerg hunn, ass natierlech och ee ganz groussen dobäi, wéi Amazon, mee awer och méi klenger wéi Athome.lu oder Luxauto, fir elo just déi Beispiller ze ginn. Awer och warscheinlech Letzshop, well dat ass och eng Plattform, wou Commerçante kënnen hir Produiten dropsetzen.” 

D’Lëtzebuerger Konkurrenzautoritéit wäert kontrolléieren, ob d’Entreprisen hirer Verantwortung nokommen a sech un déi nei Oplagen halen.

Héich Amendë si méiglech

Ënnert anerem mussen d’Plattforme méi transparent mat hire Reklammen ëmgoen, fir datt d’Notzer wëssen a verstinn, firwat si verschidde Contenuen a Reklammen ugewise kréien, erkläert de Franz Fayot.

“Éischtens muss all Intermediaire sengen Utilisateuren d’Méiglechkeet ginn, potenziell illegal Contenuen ze mellen. Zweetens schaaft den DSA och ee Statut vun engem sougenannten "trusted flagger". Dat sinn Entitéiten, déi eng gewëssen Expertise hunn an illegalem Contenu, an deenen hir Notifikatioune prioritär musse vun de Plattformen traitéiert ginn.

Am Fall vun enger Infraktioun kann d’Konkurrenzautoritéit eng Amende vu bis zu sechs Prozent vum weltwäite järleche Chiffre d’affaire ausschwätzen.

Nach bis de 17. Februar d’nächst Joer hunn déi concernéiert Online-Plattformen Zäit, dës nei Mesuren ëmzesetzen, esou nach de Wirtschaftsminister Franz Fayot.

Lauschterenplay_arrow