Radioen

On air

Notturno  |  Rob Moose - I Bend But Never Break Feat. Brittany Howard

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Méi streng EU-Reegele fir Déierentransporter

DÉIERESCHUTZ

Méi streng EU-Reegele fir Déierentransporter

D‘EU-Kommissioun proposéiert eng Verschäerfung vum Gesetz iwwer d‘Déierentransporter, op déi Déiereschutz-Organisatioune laang gewaart hunn. Transporter solle méi kuerz ginn an et gi Konditioune bei ganz nidderegen oder héijen Temperature gesat.

auto_stories

4 min

headphones

3 min

play_arrow

83 Prozent vun de Bierger a Biergerinnen an der Europäescher Unioun sinn der Meenung, datt d’Déierentransporter sollten an der Zäit limitéiert ginn. Dat seet ee rezenten Eurobarometer. Mat 92 Prozent louch Lëtzebuerg där Ëmfro vun den EU-Institutiounen no, am Verglach mat deenen aneren EU-Länner, ganz un der Spëtzt.

Et ass iwwerfälleg, datt d’Europäesch Unioun sech nei, méi streng Reegele gëtt, dat soen Déiereschützer zanter laangem. Déi aktuell EU-Gesetzer sinn deels iwwer 20 Joer al. Si wiere fragmentéiert an net méi den neiste wëssenschaftlechen Erkenntnisser ugepasst, heescht et am Exposé des motifs vum geleakte Gesetzestext, deen eis virläit.

Enquête-Kommissioun: Reegele sinn net méi „up to date“

Am Europaparlament hat zejoert eng speziell Enquête-Kommissioun iwwer Déierentransporter eng Rei Fuerderungen opgestallt. Déi betreffen zum Beispill d’Längt vun den Transporter, sou d’Presidentin vun där Kommissioun, d’Tilly Metz.

“Et ass gereegelt, ma déi aktuell Reegelen erlabe vill ze vill laang Transporter. Mat klénge Pausen dertëschent kann een Transport sech iwwer Deeg laang hinzéien, mat ganz nidderegen oder ganz héijen Temperaturen. Dat heescht, mir brauche méi streng Reegelen, méi kloer Reegelen, méi kloer Definitiounen.”

Dat soll elo mat där neier Reglementatioun geschéien.

Net méi wéi néng Stonne bis an d‘Schluechthaus

Déi nei Reegele gesi vir, datt an Zukunft een Déier maximal néng Stonne laang dierf bis an d’Schluechthaus gefouert ginn. Fir Ranner, Schwäin, Schof oder Geessen dierft all aneren Transport net méi laang ewéi 21 Stonnen daueren. Dono wier een Dag Paus néideg, ier d’Béischte kënnen eng weider 21 Stonnen transportéiert ginn.

Och fir d’Temperature gi kloer Virschrëfte gemaach. Tëscht 25 an 30 Grad oder awer ënner minus 5 Grad wier d’Zäit fir een Transport op néng Stonne limitéiert. Iwwer 30 Grad dierfte se just nach nuets fueren. Bei Minus-Grade missten iwwerdeems d’Camionen ofgedeckt sinn.

Tilly Metz: Reegele ginn net wäit genuch

Alles dat ass besser ewéi de Status quo, geet awer net duer, seet d’Tilly Metz

„Dat geet eis net wäit genuch. Mir hate fir all Déieren eng Transport-Zäit vu maximal aacht Stonne recommandéiert.“

Och bei de Reegele fir besonnesch waarm oder kal Deeg hat sech d’Parlament eng aner Approche virgestallt.

“D’Temperatur dobaussen ass eng Saach, d’Temperatur bannen am Camion eng aner. Mir haten dowéinst als Untersuchungs-Ausschoss gesot, et misst een d’Temperatur och bannen am Camion moossen. Well wa vill Déiere beienee sinn, da kann et bannen, och wann et dobausse just 25 Grad sinn, iwwer 30 Grad sinn.”

Kee Verbuet vun Exporter vu liewegen Déieren

D’Tilly Metz begréisst, datt et an Zukunft Reegele soll ginn, fir Déieren, déi nach vun hirer Mamm ofhänken, kritiséiert awer, datt esou Transporter net prinzipiell verbuede ginn.

„Dem Leak no dierfte Källefcher ënner fënnef Wochen oder 50 Kilo net transportéiert ginn. Kleng Schwäin, Scheewercher oder Geessen net ënner dräi Wochen, a Kanéngercher net ënner 48 Stonnen Eis Positioun war kloer, an dat soen och d’Experten: net sevréiert Déiere sollen iwwerhaapt net transportéiert ginn.“

Dem Parlament no sollt den Export vu liewegen Déieren aus der EU ganz verbuede ginn. Och hei hëlt d’Kommissioun eng méi labber Approche, wëll awer d’Konditioune verschäerfen. Déi zoustänneg Entreprise misste garantéieren, datt do, wou d’Déieren hi geliwwert ginn, déi nämmlecht Reegele gëllen, wéi an der EU, heescht et am Text.

Text muss mat Parlament an nationale Regierunge verhandelt ginn

Dat Ganzt steet a fält natierlech mat de Kontrollen, déi dono um Terrain gemaach ginn.

„Et muss een dann och investéieren a méi Kontrollen, méi Formatioun, fir datt d’Leit, déi dat maachen, och wëssen, wat se genau solle kucken.“

Sou d’Tilly Metz, déi et egal wéi begréisst, datt elo Reegelen um Dësch leien.

Déi gréng Europadeputéiert hofft, datt se an den Diskussiounen an den nächste Méint tëscht Parlament an den nationale Regierungen nach verbessert ginn, ier se a Kraaft trieden.

“End the Cage Age”: Keng nei Reegele méi virun den Europawalen 2024

D’Kommissioun hat iwwregens och versprach, si géif nei Reegele fir d’Déierenhaltung am Allgemenge proposéieren. Dat wäert awer der zoustänneger Kommissärin Stella Kyriakides no an dëser Legislaturperiod net méi geschéien.

Iwwer eng Millioun EU-Bierger a Biergerinnen haten „End the Cage Age“, eng Petitioun géint Käfeghaltung, ënnerschriwwen. Et bräicht een do nach méi Zäit, fir dat ëmzesetzen, sou awer d’Gesondheets-Kommissärin dozou Enn November am Europaparlament. 

Lauschterenplay_arrow


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.