An de Schoule soll mei iwwer Politik geschwat ginn. Déi Fuerderung vun eise jonke Politiker:innen triggert net just d’Geschichtsproffen. De System Trump mécht villen Enseignantë Suergen. Si wëllen eppes ënnerhuelen.
Kee Bezuch zu aktueller Politik
Méi wéi bis elo. Et gëtt jo scho laang vill Iddien, fir d’Politikbewosstsäin vun de Jonken ze schäerfen. Am Cours gëtt George Orwell gelies, d’Klass geet mam Zentrum fir politesch Bildung an d’Chamber an d’Schoulen organiséieren e Jugendparlament.
An awer hu vill Jonker kee Bezuch zu aktueller Politik. Steieren, Renten, Handelssträit... vill Sujete fannen si oninteressant. Do sinn si net anescht wéi d’Generatioune virdrun.
Nei ass, datt hinnen aktuell Informatioune feelen. Doheem gëtt et oft keng Zeitung mei an och keng Tagesschau, op sozial Medie sinn neutral News seelen. Journalistinnen a Journaliste si keng cool Tiktoker déi vum Algorithmus weiderverbreet ginn. A bei Push-Norichten, iwwer déi d’Elteren sech nach breet informéieren, selektéieren déi Jonk no hirem Goût. Do ploppen d’Basketresultater op, mee net de Muechtmëssbrauch vum Trump oder de Flüchtlingsdeal vum Meloni.
Propagandafilmer, kënschtlech Intelligenz a Fakenews
Ganz onpolitesch sinn eis Kanner zwar net. Sujete wéi Ëmwelt oder Krich interesséieren si schonn, mee och do sichen déi mannst aktiv no seriösen Informatiounen. Si kréie Memes vum Trump a Propagandafilmer gewisen: Ënnerhalsam awer onglafwierdeg. Dat wëssen och déi jonk User. D’Konzept vu Fakenews hu si jo an der Schoul erkläert kritt. A si wëssen och wat KI kann. “Lo gleewe mir guer näischt méi”, soen si.
An awer bleiwen déi vill Kriseninformatioune bei eise Kanner net ganz ouni Wierkung. Déi eng ginn ugezunn a sympathiséiere mat Riets, déi aner kréien Angscht, flüchten aus der Realitéit a kucke just na Sport a Netflix. Den Eskapismus verbreet sech an eise Schoule grad wéi de Schnapp.
Och an de méi héije Klassen, och am Klassik, sinn entretemps just nach e puer Kanner politesch up to date. Vill anerer sinn ofgehaangen, ginn et selwer zou a sinn domadder awer net à l’aise. Stimmvieh statt mündege Bierger? Dat wëll jo och keen.
"Dofir misst dach Zäit sinn"
Dowéinst kommen hinnen awer e puer Iddien. Nee, net nach méi Mediepädagogik. Am Plaz vun Theorie wënschen si sech an der Schoul Informatiounen iwwer d’Aktualitéit. All Moies eng News, all Woch eng kleng Debatt an der Klass. An dat Ganzt vum Enseignant neutral begleet. Natierlech ouni Punkten, fir datt och Trump-Fans matschwätzen. "Dofir misst dach Zäit sinn" soen si. Grad elo.
An e puer Lycéeën, an eenzel Fächer gëtt scho systematesch iwwer d’Aktualitéit geschwat. Mee net iwwerall. Meeschtens ass fir News keng Zäit, well d’Programm duerchgeholl muss ginn. Vill Pädagoge bedaueren dat, mee wat soll ee maachen? De Schoulsystem ass schwéierfälleg.
Trotzdeem. Et däerf ee lo net waarden op nei Theorien, extra Zäit am Stonneplang oder eng Direktive vum Ministère. Et muss een sech als Enseignante an Demokrat trauen an am Cours spontan Plaz maache fir déi aktuell politesch Froen. Fir datt all eis Jonk verstinn, wat grad leeft.
Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Themen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënnert der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.