De Stuerm ass mat Wandvitesse vun iwwer 225 Kilometer an der Stonn iwwer den Archipel gezunn. Besonnesch haart getraff goufen déi ganz aarm Quartieren. Dausenden Haiser an Hütten, déi aus Blech gebaut waren, goufe komplett zerstéiert.
Mayotte ass dat äermste franséischt Departement a 75 Prozent vun der Populatioun vu ronn 320.000 liewen ënner der Aarmutsgrenz.
Franséisch Rettungsekippe sinn op Mayotte ukomm a sichen no Iwwerliewenden, mee verschidde Communautéite konnten nach ëmmer net erreecht ginn. Op ville Plaze feelt et u Waasser a Liewensmëttelen.
Déi demissionär franséisch Ministere fir den Intérieur an Outre Mer Bruno Retailleau a François-Noël Buffet ginn um Méindeg am spéide Moien op der Plaz erwaart.