Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Busty And The Bass - Out Of Love Feat. Macy Gray

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Mayotte: Mobil Klinik an eng Schëff- a Loftbréck ginn en place gesat

Et geet ee vu ronn 1.000 Doudegen aus

Mayotte: Mobil Klinik an eng Schëff- a Loftbréck ginn en place gesat

Nom Zyklon Chido am franséischen Iwwerséigebitt Mayotte fäerten d’Autoritéiten, datt d’Zuel vun den Doudesaffer an den nächsten Deeg vun aktuell 14 nach bis op iwwer 1.000 kéint klammen. Déi medezinesch Versuergung op der Insel ass staark ageschränkt an Honger mécht sech breet. 

auto_stories

2 min

©  Préfet de La Réunion via X
Foto: Préfet de La Réunion via X

Den tropesche Wierbelstuerm, deen e Samschdeg mat Wandspëtzte vun iwwer 220 Kilometer an der Stonn iwwer d’Insel am indeschen Ozean gezu war, huet eng Spuer vun der Zerstéierung hannerlooss. Mayotte ass staark vun Aarmut betraff an een Drëttel vun den 320.000 Awunner liewen a provisoreschen a prekäre Logementer, sougenannten “bidonsvilles”.

Dës wiere komplett zerstéiert ginn, huet déi franséisch Regierung matgedeelt. Well nach vill Deeler vun der Insel net accessibel sinn an nach no Doudegen an Iwwerliewende gesicht gëtt, wier et ganz schwéier, elo e geneeë Bilan ze zéien. Dëse kéint awer ganz schlëmm ausfalen, sot de Préfét vun der Insel, de François-Xavier Bieuville, gëschter Owend op der lokaler Chaîne “Mayotte la 1ère”. Et kéinten um Enn iwwer 1.000 Doudesaffer sinn.

Krisesëtzung mam Macron um Méindegowend

De Stuerm huet d’Klinik staark beschiedegt: Virun allem d’Chirurgie, d’Reanimatioun, d’Urgencen an d’Maternité. Och déi meescht Centre-médicalle wieren ausser Betrib, sot d’Interim-Gesondheetsministesch Geneviève Darrieussecq um Méindegmoien op “France 2”.

Fir déi medezinesch Versuergung ze garantéieren, gëtt medezinescht Personal op d’Insel geschéckt an eng mobil Klinik opgeriicht. Well och Iessen an Drénkwaasser knapp sinn, gouf eng Schëff- a Loftbréck vun der Île de la Réunion aus opgesat, fir Hëllefsgidder ze liwweren. Aus der Iwwergangsregierung sinn den Inneminister an den Iwwerséiminister haut um Méindegmoien op der Insel ukomm fir d’Lag ze suivéieren.

Zu Paräis huet de President Emmanuel Macron fir haut den Owend eng Krisesëtzung aberuff.