search

/ Matthieu Osch ass ganz zefridde mat senger Leeschtung

Alpine Schi

|
headphones

1 min

Matthieu Osch ass ganz zefridde mat senger Leeschtung

Um Méindeg war de Matthieu Osch, fir deen et déi 3. Spiller sinn, den 28. am Slalom ginn. Dës Wanterspiller wäre fir hien déi schéinst an déi speziellst, well se net wäit ewech vu senger Walheemecht Innsbruck sinn, sot hien am 100,7-Interview. 

headphones

1 min

Matthieu Osch beim Riseslalom | © EPA/ANNA SZILAGYI
Matthieu Osch beim Riseslalom (Foto: EPA/ANNA SZILAGYI)

Hie wier an der 1. Manche vum Slalom net de leschte Risiko agaangen, well vill Leefer virun him eliminéiert goufen. An den Ae vum Matthieu Osch hätt et och Vir- an Nodeeler ginn, fir am zweeten Duerchgank mat als éischten un den Depart ze goen. Engersäits hätt ee manner Informatiounen zu der Pist. Anerersäits wier d‘Pist awer nach gutt, esou datt ee seng eege Linn ka fueren.

"An ech hat awer gekuckt, datt ech mat mengem Trainer awer e gudde Plang erstellen no der Reco, datt mer do eis d'Linn genau ukucken, an dat huet zimmlech gutt geklappt."

Kuerz virum Zil huet ee Feeler him nach eppes Kascht. Eppes wat him net geschitt wier, wann hie méi Informatiounen zur Pist gehat hätt. „Mee dat ass ëmmer am Nachhinein einfach ze soen“, esou den Alpine Schileefer. deen an de leschten 3 Joer vill blesséiert war. Hien huet elo nach e puer FIS-Coursse geplangt: Iwwert dee Wee wëllt hien an der Weltranglëscht weider no vir kommen.