search

/ Affär Wilmes - Deprez: Froen zum Collège médical bleiwen op

Suspendéierte Orthoped

|
headphones

4 min

headphones

1 min

play_arrow

Affär Wilmes - Deprez: Froen zum Collège médical bleiwen op

De Ministère hätt déi néideg Prozeduren agehalen an och d’Defense-Rechter vum beschëllegten Dokter wieren agehale ginn, esou d'CSV-Ministesch. Och wann d’Oppositioun prinzipiell der Ministesch hir Entscheedung net a Fro gestallt huet, sinn trotzdeem eng Rëtsch Froen onbeäntwert bliwwen.

headphones

4 min

headphones

1 min

play_arrow
Martine Deprez | © Chambre des Députés
Martine Deprez (Foto: Chambre des Députés)

Notamment déi vum Fonctionnement vum Collège médical. Deen hat de 16. Dezember een éischte Bréif mat schwéiere Virwërf un d’Ministesch erugedroen an ee Mount drop, de 14. Januar, an engem zweete Bréif seng Uschëllegungen namol verstäerkt.

Konformitéit vum Collège médical soll gekläert ginn

Dem Dr. Wilmes säin Affekot huet d’Beschëllegungen opbruecht, datt de Collège médical formell Irregularitéite begaangen hätt an net normgerecht zesumme koum wier, wou e seng Decisioun geholl huet. Dowéinst huet déi gréng Deputéiert Sam Tanson d’Ministesch, ob si de sougenannten Avis vum Collège médical iwwerpréift hätt, ier si hier Decisioun fir eng partiell Suspendéierung geholl huet. Doropshi sot d'Ministesch, datt et net un hier wier, fir de Collège médical a Fro ze stellen.

“An deenen zwee Bréiwer stoung all Kéiers "le Collège médical". Dann ass et net u mir a Fro ze stellen, datt déi sech éierbar constituéiert hunn. De Collège médical ass ee Gremium wat besteet, eng Institutioun, déi besteet, ech kann net eng Decisioun, déi an engem Bréif esou reportéiert gëtt, einfach esou a Fro stellen.”

Den Ament géif awer an engem Recours gracieux analyséiert ginn, ob deen “Avis” vum Collège médical en bonne et due forme ze Staane koum ass. D’Resultater dovu géif ee sech an den nächsten Deeg erwaarden, esou nach d’Ministesch.

Ministesch rechtfäerdegt imminent Gefor mat Faits graves

Eng aner Fro, déi weiderhin am Raum steet, ass déi, ob et eng akut Gefor (Péril en la demeure) gouf, déi d’Urgenceprozedur vun der Ministesch rechtfäerdegt. De Piraten-Deputéierte Sven Clement stellt dat a Fro, besonnesch well d'Spidol de Dokter scho vu sengen Operatiounen suspendéiert hat. 

"Obwuel den Dokter selwer net méi huet däerf a sengem Spidol operéieren, do wär et vläicht op zwee, dräi Deeg net ukomm, well en souwisou net méi konnt physesch operéieren. En hat keen Zougang méi zu engem Operatiounssall ze halen.”

D'Faite wieren allerdéngs esou grave gewiescht, datt een direkt hätt missen handelen, esou d'Ministesch. De Collège médical kéint nämlech erréischt no enger disziplinarescher Mesure aktiv ginn. 

“Dat ass eeben déi eenzeg Méiglechkeet, déi do ass, wann engem Faite reportéiert ginn, wou Leit eventuell eng Interventioun gemaach kréien, déi guer net hätt misse sinn. Wou Leit herno villäicht méi schlecht dru wieren, wéi se virdrunner dru waren. Wann dat elo kee Péril en la demeure ass, da weess ech awer net, wat de Péril en la demeure ass. “

"Fall bei engem aneren Numm nämmlecht bewäert"

No der Chamberkommissioun sot d’Martine Deprez iwwerdeems, datt si deen Dossier genee esou traitéiert hätt, wéi all aneren Dossier och. 

"Also, mäin éischte Reflex beim éischten Avis vum Collège médical war: Wat géifs du elo maachen, wann een aneren Numm do géif stoen? An ech hätt genau dat nämmlecht gemaach."

Datt “akut Gefor“ bestanen hätt huet si domat justifiéiert, datt déi betraffen Agrëff vum Dokter Wilmes ”actes de nature mutilantes” gewiescht wieren.

D‘Ministesch benotzt domat déi selwecht Wierder wéi de Collège médical a senge Bréiwer. Si géif iwwerdeems kee politeschen Drock an dësem Dossier spieren. D‘Suspensioun wier och keng politesch Decisioun gewiescht, esou d’Martine Deprez. 

De Ministère hätt déi néideg d’Prozeduren agehalen an och d’Defenserechter vum beschëllegten Dokter wieren agehale ginn. Hie wier gehéiert ginn an hätt déi néideg Dokumenter kritt, esou nach d’Ministesch.

25 Patienten hu sech wéinst dem Dr. Wilmes un d'Patientevertriedung adresséiert

Dem Dokter Philippe Wilmes säin Affekot huet um Méindegmëtteg an engem Schreiwes iwwerdeems erkläert, datt si d‘Chamber-Gesondheetskommissioun e Méindeg géifen ofwaarden, ier si d‘Decisioun vun der Ministesch virum Verwaltungsgeriicht géife kontestéieren. 

D‘Patientevertriedung mellt iwwerdeems, datt bis elo eng 25 Patiente sech un d‘ASBL adresséiert hätten, déi vum Dokter Wilmes operéiert gi wieren an duerno gesondheetlech Aschränkunge gehat hätten. Bei ville vun hinne géif een zweete medezineschen Avis d‘Noutwennegkeet vun den Agrëff kritesch hannerfroen, heescht et.

D‘Patientevertriedung hätt d‘Informatiounen un d‘Gesondheetsministesch an un de Collège médical weiderginn. 

play_arrow Lauschteren